Den Äerzherzog Alexander vun Éisträich an d'Natacha hu sech d'Jo-Wuert ginn
Am Mee haten den Äerzherzog Alexander vun Éisträich an d'Gräfin Natacha Roumiantzoff-Pachkevitch hir Verlobung bekannt ginn, elo war d'Hochzäit.
D'Zeremonie war an der kathoulescher Kierch Saint Pierre am belsche Beloeil. Bei stralender Hierschtsonn koum d'Braut an engem Oldtimer ugefuer an dat an engem wonnerschéine wäisse Kleed mat transparente laangen Äerm a renger Broderie souwéi engem Schleier.
Ënnert de Gäscht ware sëllege Membere vun der groussherzoglecher Famill, ëmmerhin ass de Bräitchemann den Neveu vum Grand-Duc Henri an domat de Cousin vum Ierfgroussherzog Guillaume. Mat der Brautkoppel hu sech natierlech och d'Eltere gefreet, den Äerzherzog Carl Christian vun Éisträich a seng Fra Marie-Astrid, d'Schwëster vum Grand-Duc.
Den 32 Joer alen Alexander vun Éisträich ass den Urenkel vum Karl I., dem leschte Keeser vun Éisträich.