Fir de 50. Gebuertsdag huet de Verlag d'Serie "Best in Travel" als Buch erausbruecht an déi 50 beléiftste Rees-Destinatiounen opgelëscht.

Zanter der Grënnung am Joer 1973 huet d'Mark "Lonely Planet" iwwer 150 Guiden erausbruecht. D'Editioun fir 2024 ass a fënnef ënnerschiddlech Kategorie mat jeeweils zéng Destinatiounen opgedeelt. Lëtzebuerg ass doran awer net ze fannen.

Dat Noost, wat ee fënnt, ass déi franséisch Haaptstad. Polen daucht an den "Top 10 seng Sue Wäert" op a gëtt fir seng dynamesch Stied mat flotte Restauranten an Nationalparke gelueft.

Bei den Destinatiounen, déi hir Sue wäert sinn, ginn och Transportmëttel a Betruecht gezunn. Virun allem d'Nuetszich géinge grad eng Renaissance erliewen. A vill Vanaciere géinge gären op se zréckgräifen, fir den CO2-Austouss ze reduzéieren, wärend si d'Welt bereesen.

Iwwerraschend Plaz 1 bei de Länner

"Best in Travel" präsentéiert eng Partie Ziler, déi jidderee kennt an déi net iwwerraschen. Dorënner läit Spuenien (an den "Top 10 Nohaltegkeet"), Prag (Plaz 8 vun de beschte Stied), d'Toskana, a Südthailand (allebéid an den "Top 10 Regiounen").

Wat d'Länner ugeet, ass d'Mongolei op der éischter Plaz gelant, déi fir jiddereen eppes ze bidden hätt: Kultur, Landschaft an Abenteuer.

D'Top-Stad geet un Nairobi an erhiewt Usproch op de Status als globale Kulturzentrum. Paräis läit direkt dohannert op der zweeter Plaz, well se sech stänneg nei erfënnt an 2024 eng spektakulär Weltbün fir d'Olympesch a Paralympesch Summerspiller bitt.