Nodeem déi dänesch Kinnigin Margrethe II. ofgedankt huet, krut och hire nërdlechen Cousin d'Fro gestallt, ob hie mat deem Gedanke spillt.

"Ech bleiwe bei deem, wat ech ëmmer gesot hunn, datt ech dem Storting* en Eed geschwuer hunn an deen op Liewenszäit geet", sot de 86 Joer alen norwegesche Kinnek. De Kinnek Harald ass aktuell den eelste Monarch an Europa.

Zanter 33 Joer sëtzt de Monarch um norwegeschen Troun an huet schonn zanter e puer Joer mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. Hien huet Kretschen, fir ze goen, a gouf 2023 um Häerz operéiert a war och wéinst Otemweeerkrankungen am Spidol.

Säi Gesondheetszoustand an den héijen Alter vum Monarch hu rezent ëmmer nees zu Spekulatioune gefouert, ob den Harald et wéi d'Margrethe mécht an den Troun sengem Bouf Haakon iwwerléisst. Dës hat och ëmmer nees widderholl, datt si net ofdanke géif an et dunn an der Neijoerschried iwwerraschend annoncéiert.

*Storting ass den Numm vum norwegesche Parlament