E Samschdeg ass zu Mënsbech eng ganz besonnesch Rous gedeeft ginn, dat a Presenz vun der Grande-Duchesse an de Ministeschen Hansen an Deprez.

D'Iddi, eng Rous mam Numm "Europa Donna" ze kreéieren, huet e symboleschen Hannergrond an ass inspiréiert un der Asbl Europa Donna Luxembourg, enger Associatioun, déi sech asetzt fir Fraen, déi vu Broschtkriibs betraff sinn. No e puer Joer Aarbecht an ënnert der Kollaboratioun tëscht Lëtzebuerger Rousefrënn, Kordes Rosen et Europa Donna Luxembourg soll dës Rous e staarke Message no bausse liwweren: e Message vu Solidaritéit, Courage an der Hoffnung.

Eng Rous, eng Ursaach, ee Message

All Mënsch kennt op d'mannst eng Persoun, déi vu Broschtkriibs betraff ass. Do wier et wichteg, Projeten ze hunn, déi eng Ënnerstëtzung sinn. An deem Sënn ënnerstëtzt dës Rous d'Aarbecht vun der Europa Donna als Ambassadrice am Kampf géint de Broschtkriibs a steet sënnbildlech fir d'medezinesch Soinen an Hoffnung.