Den 1. Mee huet de President vum LCGB (Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond) d'aktiivt an d’passiivt Walrecht verlaangt fir all Mënschen, déi zu Lëtzebuerg liewen, well bei de leschte Chamberwalen, de 14. Oktober 2018 nëmmen 234.000 vun 614.000 Mënschen hätte kënne wiele goen.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Astrid Lulling

Ech hunn dat an der “Revue” Nr 19 gelies. Ech konnt deen 1. Chiffer net kontrolléieren, muss awer präziséieren, dass ënner eise 614.000 Awunner Kanner sinn, déi virun 18 Joer kee Stëmmrecht hunn.

D’Fro, ob Leit, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit net hunn, kënne stëmme goen, Deputéierte ginn, ass am Referendum vum 7. Juni 2015 mat engem kloren Neen vun 78,02% ofgeleent ginn. Dorun hu sech bis elo d’Regierung a Parteie gehalen.

Säit dem Gesetz vum 23. Oktober 2008 hu mer déi duebel Nationalitéit, d.h. dass Auslänner, déi hei wunnen, Lëtzebuerger kenne ginn an hir ursprénglech Nationalitéit dierfe behalen. Si kënne wiele goen, gewielt ginn, Minister ginn, also d’Land matregéieren. Firwat sollen elo déi, déi sech net emol fir eis Nationalitéit interesséieren, déi selwecht Rechter kréien, esouguer wa se eis Sprooch net emol verstinn a net schwätzen. Ech hu missen 21 Joer hunn, iert ech als Lëtzebuerger, hunn dierfe stëmme goen.

Eréischt mat 25 Joer hunn ech dierfe kandidéieren. Dat huet mech net gestéiert. Et ass mer net agefall, d’Land wëlle matzeregéieren, onwue ech als Mannerjäreg nach den Elteren ze follegen hat a fir meng Aktivitéiten net verantwortlech war. Ofgesinn dovun, dass et hëlleft, wann een als Deputéierten eppes Klengs vun der finanzieller, wirtschaftlecher, sozialer Situatioun vum Land versteet, wat net ëmmer de Fall ass, wann een emol nach net aus der Schoul ass. Sécher hunn ech Deputéierte kannt a kennen der nach haut, déi net duerch Wësse, Substanz, duerch politeschen a gesonde Mënscheverstand glänzen. E puer där kënne mer ënner 6o verkraaften.

Ech war, esou laang ech an der Chamber war, iwwregens zesumme mam Georges Margue, ëmmer géint déi duebel Nationalitéit. Elo hu mer se säit iwwer 10 Joer, an da stellt sech fir mech d’Fro vum Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen net méi.

Eis auslännesch Matbierger aus den EU-Memberstaaten hu jo schonn d’Walrecht bei de Gemengen- a bei den Europawalen. Eng kleng Minoritéit profitéiert dovun, obscho mer Milliounen Euroen ausginn, fir se ze iwwerzeegen, wielen ze goen.

Wat fir Interessie verfollegen déi eigentlech, déi elo erëm mat esou enger Fuerderung kommen, wéi den 1. Mee zu Réimech?