De Fonds National de la Recherche feiert seng 20 Joer. A senger Carte Blanche mécht de Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR, en e bëssen anere Réckbléck iwwert dës lescht zwee Joerzéngt.

Dëst Joer feiert de Fonds National de la Recherche seng 20 Joer. An dësen zwee Joerzéngt huet sech de Lëtzebuerger Fuerschungsstanduert op impressionant Aart a Weis entwéckelt. Vu quasi näischt ausgaangen, si mer haut op der Weltkaart vun der Fuerschung ukomm.

Ech kéint elo vill schwätzen iwwert dat, wat an deenen 20 Joer geleescht gouf. Ma ech maachen dat net, an ech wëll amplaz dovunner iech e puer Fuerscher vu Lëtzebuerg virstellen.

Carte Blanche vum Marc Schiltz (6.12.19)

D'Karin Priem fuerscht op der Uni Lëtzebuerg iwwert Kulturgeschicht a gesellschaftlech Verännerung. Si huet eng Sammlung vun 2.000 Fotoen analyséiert, déi an der éischter Hallschent vum leschte Joerhonnert vun der ARBED opgeholl goufen. D'Fuerscherin konnt weisen, wéi sozial a pedagogesch Initiative vum grousse Lëtzebuerger Stolproduzent derzou bäigedroen hunn, fir d'national Identitéit an Zäite vun der Industrialiséierung ze formen. Déi Fotoe sinn och nach haut extrem faszinant.

D'Aida Nazarikhoran huet eng Formatioun als Dokter. Zesumme mat hirem Mann, deen op der Uni Lëtzebuerg an der Robotik gefuerscht huet, hu si eng Firma gegrënnt. Si produzéieren e klengen Roboter, deen agesat gëtt an der Therapie vun autistesche Kanner. Hire Roboter – also e Produit «made in Luxembourg» - gëtt mëttlerweil zu Dosenden u Schoulen an Therapiezenteren an der ganzer Welt geliwwert.D'Aida kënnt ursprénglech aus dem Iran, huet awer zënter kuerzem d'Nationalitéit vu senger Walheemecht Lëtzebuerg ugeholl.

D'Emma Schymanski, eng Chemikerin vum LCSB studéiert no onbekannte Substanzen aus der Ëmwelt an hire Laangzäit-Afloss op d'Gesondheet. Et geet een nämlech haut dovun aus, dass Ëmweltfacteuren eng grouss Roll spille bei neurologesche Krankheeten, ewéi zum Beispill Parkinson, woufir déi Fuerschung esou wichteg ass.

Och d'Emma, wat ursprénglech aus Australien kënnt, ass gutt zu Lëtzebuerg integréiert a spillt ënner anerem Trombonne an der Bielesser Musek.

Voilà, dat waren dräi kleng Portraite vu Fuerscher, déi bei eis hei zu Lëtzebuerg hirer Passioun noginn.

Et ass iech vläicht opgefall, datt et allen dräi Fraen sinn. Dat ass allerdéngs leider net representativ fir d'Lëtzebuerger Fuerschung. A wa mer eppes an der Zukunft musse besser maachen, dann ass et fir déi Ongläichheet ofzeschafen an et och méi Fraen ze erméiglechen, hirer Passioun als Wëssenschaftler hei zu Lëtzebuerg kënnen nozegoen, esou wéi d'Karin, d'Aida an d'Emma.