Ween hätt geduecht, dass e Virus deen Impakt op déi ganz Mënschheet hätt an eis d’Zerbriechlechkeet esou virun Ae géing bréngen? Dozou de Gilbert Pregno, Psycholog an Präsident vun der Mënscherechtskommissioun.

Meng Fra an ech hunn eis elo komplett isoléiert.

Mer hu Chance. Eis Famill bréngt eis dat, wat mer brauchen. Wann et schellt, da wëssen mer, dass eng Tut an der Garage steet. Mer hunn och genuch Wunnraum. Mer sinn awer vill traureg, well mer eis Enkelkanner elo net méi gesinn, och net hir Elteren. Mer kënnen eis net méi mat eisen Frënn treffen.

Carte Blanche vum Gilbert Pregno

Gewunnechten hunn mer och geännert: do, wou mer soss 20 Minutten oder eng hallef Stonn verbruecht hunn, fir z'iessen, do huelen mer eis eng Stonn. Ech ginn all Dag an den Bësch spadséieren, wat ech soss net gemaach hunn.

Ech schaffen elo verstäerkt mat Videokonferenzen: dat klappt.

Och an der Mënscherechtskommissioun gëtt Télétravail gemaach.

Iergend emol, well d’Wierder esou gutt war, hat ech geduecht, ech géing mam Moto bis an den Büro fueren. Mam Helm erkennt ee mech net erëm.

Ech dreemen esou gären.

Meng Gedanken si vill bei de Leit, déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn oder am Prisong, an de Flüchtlingsheemer liewen, bei de Familljen, déi elo zesummegepercht sinn op klengem Raum, déi Matmënschen, déi fäerten, si géingen hir Aarbecht verléieren, well Betriber faillite ginn, déi Mënschen, besonnesch déi Kanner, déi zu Lesbos am Camp sinn. Ech froe mech, ob eppes ännert, wann dat eriwwer ass. Bleift eppes iwwreg vun der Well vu Solidaritéit, déi elo un den Dag geluecht gëtt. Wéi geet et weider mat dem Vertrauen un déi Leit, déi elo a Krisesëtzungen, an der Regierung an am Parlament déi Moossnamen huelen, déi sech opdrängen? Déi grouss Unerkennung fir eist Fleegepersonal an Dokteren, Police, Erzéier a Caissièren an de Geschäfter?

Sinn da manner Näid a Veruechtung, manner Haass, manner Ligen ënnert eis?

An wéi ass et an der Politik: D’Veruechtung an der Politik mécht mer vill Suergen, well se d'Demokratie futti mécht. Wa kee Vertrauen do ass, da ginn et nëmmen nach Leit ewéi Trump, Salvini, Orban. Mer gesinn awer, dass mer kompetent a couragéis Fraen a Männer brauchen. A mer brauchen och politesch Parteien, mat vill Jonken, déi Projeten a Visiounen entwéckelen, fir eng méi gerecht Gesellschaft. Soss gi mer iwwerrannt vun enger fräier ongezigelter Maartwirtschaft, wou d’Schéier tëschent aarm a räich ëmmer méi grouss gëtt.

Esou soll dat net kommen: d’Welt ass ze vill schéin an et gëtt keen anere Planéit, d’Liewen ass liewenswäert fir eis all, net nëmme fir eng begrenzten Zuel vu Mënschen.

Ech soe mer, dass alles, wat eis haut zwéngt op Distanz ze goen, eis bënnt a vereenegt. An et keng Alternativ zur Hoffnung gëtt. Andrà tutto bene. Alles gëtt erëm gutt.

Gilbert Pregno