D'Evaluatioun ass een zentraalt Thema an der Schoul: Prüfungen, Produktiounen, Observatiounen, Bilanen an Textzensure bestëmmen den Alldag vum Schüler a vum Enseignant. Ass déi Hektik déi domadder verbonnen ass och wierklech produktiv? De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op d’Thema “Leeschtungsbewäertung an der Schoul” no Corona an.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

Et fält mir op, dass an deene ville Reformen an der Grondschoul an am Secondaire eng grondleeënd Reflexioun iwwert d’Thema “Evaluatioun vu Schülerleeschtungen” ausbliwwen ass. Et si just Ufuerderungen un den Enseignant op ee bestoende Modell bäigeprafft ginn. Dat huet säi Nidderschlag fir d’Léierpersonal an engem Cumul vu Schreifaarbechten: detailléiert Commentairen op all eenzel Prüfung, Ervirhiewe vun all Feeler, esou wéi eng akribesch Opspléckung a Kompetenzen, déi och nach un Notte gebonnen ass.

Et besteet absolut kee Verhältnis méi tëschent de Stonnen, déi den Enseignant fir d’Schreiwe vun all dëse Feedbacke verbréngt an dem Notzen, deen de Schüler aus dëser Aarbecht zitt. De Jonke selwer schleeft sech vu Prüfung zu Prüfung a vergësst dertëschent, wat hie geléiert huet, well jo aner Fächer och eng Prüfung hunn. De brasilianesche Pedagog Paulo Freire schwätzt an dësem Zesummenhang vun enger “Pédagogie bancaire”: de Schüler gëtt eng Prüfung of, hie gëtt “bezuelt” duerch eng gutt oder schlecht Nott a schalt of.

Misst et net fir de Jonken derwäert sinn, an engem zweeten Ulaf, un Hand vu kuerze Virschléi vum Enseignant, seng Produktioun ze iwwerschaffen an esou ëmmer méi Satisfaktioun u senger Aarbecht ze kréien? Interessant, dass grad elo d’Recherche an der Gehierfuerschung, d’Reaktivatioun an d’Léieren a klengen Häppercher als zwee grouss Piliere vun effizientem Léieren definéiert!

D’Corona-Pandemie huet d’Schoulen an en Ausnamezoustand versat an d’Teletravail huet e gewaltegen Impuls kritt. Si weist awer Grenzen op wann een un déi ausgläichend Wierkung vum Klasseraum an dat soziaalt Zesummespill denkt. D’Teleaarbecht mécht d’Beurteele vun der Schülerleeschtung schwéier, well net all Jonken déi selwecht Aarbechtskonditiounen huet.

De Confinement forcéiert eis elo just dat Essentiellt vum Léierstoff a vun der Leeschtungsbewäertung a Betruecht ze zéien. Essentiell ass, dass d’Léieren an der Kontinuitéit geschitt, an dass Widderhuelen, kooperatiivt Verhalen a perséinlechen Engagement hire Nidderschlag an der Evaluatioun fannen. Essentiell ass och, dass Léieren Zäit a Rou brauch fir an d’Déift ze goen an Hektik als Konsequenz just Iwwerflächlechkeet huet a Stress an Angscht ausléist. Semesteren anstatt Trimestere géinge schonn en Drëttel vun den Tester sträichen.  
Déi sanitär Kris deet eis villes relativéieren, si weist eist och d’Wichtegkeet vu Kooperatioun amplaz Konkurrenz a genau dat misst an der Evaluatioun ee vill méi staarken Impakt fannen.

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.