Normalerweis dauert d’Entwécklung vun engem Vaccin 5-15 Joer. Firwat konnt et beim Covid-19 Vaccin sou séier goen? An ass dat op Käschte vun der Sécherheet gaangen? Domadder beschäftegt sech de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

Deemnächst wäerten déi éischt Leit zu Lëtzebuerg sech kënne géint Covid-19 impfe loossen. Ëmmer nees ginn ech gefrot, wéi et méiglech ass, dass de Vaccin sou séier konnt entwéckelt ginn. Vill Leit si skeptesch, op dann och gewëssenhaft genuch geschafft gouf ?

D’Europäesch Medezin-Agence (EMA) huet d'lescht Wuert fir z'iwwerpréiwen, dass déi Vaccinen den übleche rigouréise Qualitéits- a Sécherheetsstandarden entspriechen. Mat enger Decisioun gëtt hei Enn Dezember oder ufanks Januar gerechent.

Et ginn eng ganz Rei Grënn, fir dass et esou séier gaangen ass.

Am Fall vu Covid huet een net misse bei Null ufänken. Well bei de SARS- a MERS-Epidemie virun en puer Jore gouf schonns u Vaccine géint Coronavire gefuerscht. Dat huet Joren un Entwécklung gespuert.

Duerno geet e Vaccin an déi klinesch Phasen, wou en un fräiwëllegen Test-Persoune getest gëtt. An der 3. Phase z.B. muss een do waarden, bis sech genuch Leit infizéiert hunn, fir Aussoen iwwert d’Wierksamkeet vum Vaccin kënnen ze maachen. Well aussergewéinlech vill Fräiwëlleger matgemaach hunn an de Virus aktuell sou present ass, ass datt séier gaangen.

Et muss een och soen, dass an dësem Fall ganz vill Suen a Ressourcen an d’Fuerschung an an d’Entwécklung vu Vaccinë gestach goufen. D’Resultat: vill Quantitéit a vill Qualitéit. Dat huet d'Chancen enorm erhéicht, dass um Enn e puer vun de villen Impfstoff-Kandidaten erfollegräich sinn.

Ausserdeem kooperéieren d’Autoritéiten. Amplaz wéi üblech ze waarden, bis all d’Phasen ofgeschloss sinn an dann eréischt d'Dossieren ze iwwerpréiwen, kruten d’Autoritéite schonns Abléck an d’Daten, nach wärend déi verschidde klinesch Phase gelaf sinn, wat de Prozess och nees vill méi séier mécht.

A schliisslech hunn d’Laboratoiren d’Masseproduktioun vu Vaccinë schonn ulafe gelooss, fir dass dee Moment, wou d'Autorisatiounen do sinn, d'Impf-Campagnen direkt kënnen ufänken.

Wéi ee gesäit: Et gi gutt Grënn, firwat all eenzel Etappe konnt méi séier goe wéi normal. Dat heescht awer net, dass Etappen iwwerspronge goufen. Bei deenen zwee Vaccinskandidaten, wou grad eng Autorisatioun bei der Europäescher Agence ugefrot gouf, schwätzen den Ament d’Indicen derfir, dass esou rigouréis a sécher geschafft gouf, ewéi üblech. De Vaccin gouf souguer un aussergewéinlech ville Leit getest. Déi gutt Nouvelle ass, dass mir Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. De Vaccin huet d’Potential, dës Pandemie ze stoppen. Awer nëmmen ënnert der Viraussetzung, dass och genuch Leit sech wëllen impfe loossen. Hei ass et wichteg, dass d’Fuerschung an d’Autoritéite gutt an transparent informéieren.

Den FNR geréiert d‘Internetsäit www.science.lu, wou reegelméisseg iwwert Fuerschung zu Lëtzebuerg, ma spezifesch och iwwert de Coronavirus informéiert gëtt. Hei fënnt een och en Artikel mat nach méi Hannergrondinformatiounen dozou, firwat de Vaccin konnt sou séier entwéckelt ginn.