De Fortschrëtt soll do sinn, fir eis all d'Liewe méi einfach ze maachen an dat misst och de Fall sinn, wa mir deen digitale Wee gebrauchen, fir finanziell an administrativ Operatiounen ze maachen. Leider hunn nach ëmmer vill ze vill Leit Schwieregkeeten heimat a fille sech do ausgeschloss. An dëser Carte Blanche gëtt gefuerdert, datt méi muss ënnerholl ginn, fir deene Leit ze hëllefen, de Kontakt ze behalen. Den technesche Fortschrëtt ass schlussendlech do fir jiddereen.

D'Covid-Pandemie wäert déif Spueren an eiser Gesellschaft hannerloossen. Esou si mir all opgefuerdert ginn, eist Behuelen ze änneren an esou wäit wéi méiglech eis finanziell an administrativ Operatiounen iwwert deen digitale Wee ze maachen.

Fir vill Leit ass et guer net einfach, esou Operatiounen duerchzeféieren, ouni dee perséinlechen an direkte Kontakt mat enger Persoun. Ee frëndlechen HelpDesk, deen een iwwer eng komplex Kombinatioun vun Nummere muss sichen, ass och net déi beschte Léisung.

Carte Blache vum Michel Maquil

Dann ass et iwwerhaapt net einfach, mat digitalen Apparaten ze schaffen, a sief et nëmmen, well méi dacks nei Betribssystemer agefouert ginn, oder souguer nei Generatioune vun Apparater kommen. Dat ass all Kéiers eng grouss Erausfuerderung fir Leit, déi sech net gutt auskennen.

Internationale Studien no gi ronn 20% vun den Awunner net eens mat digitalen Apparater, an da schwätze mer mol net vun deene Leit, déi keng esou Apparater hunn*). Een Drëttel vun der Bevëlkerung zéckt, fir digital Weeër ze huelen.**)

Déi Leit fanne sech esou ze soen um Schluss vum Peloton erëm, wou se all Ament riskéieren ofgehaangen ze ginn. Et muss sech méi ëm d'Uleies vun deene Leit bekëmmert ginn, fir et hinnen esou einfach wéi méiglech ze maachen, den elektronesche Kontakt ze behalen. Dat ass net nëmmen, fir d'Benotze vun deenen Apparater einfach ze halen, mä et geet och drëms, den Design vun den Interfacen, déi se gebrauche mussen, esou verständlech wéi méiglech ze maachen.

Déi selwecht Problematik fanne mir och an den Entwécklungslänner erëm. Do ginn et kaum dezentraliséiert Verwaltungen oder Bankagencen. Déi elektronesch Weeër ginn direkt gebraucht, fir de Leit an alle Géigende vum Land Zougang zu bestëmmten Déngschtleeschtungen iwwerhaapt ze erméiglechen.

Hei kënnt derbäi, datt an deene Länner dacks nëmme mat vereelzten Apparature geschafft gëtt, déi mat wéineg ofgesécherte Betribssystemer funktionéieren. Déi falen dacks aus oder kënnen am Extreemfall net gebraucht ginn.

Esou vill mir och dee rasanten technesche Progrès an esou sensibelen Domainer, wéi der Telekommunikatioun begréissen, an esouguer bewonneren, sollte mer ni vergiessen, datt dee Fortschrëtt fir jidderee soll zougänglech sinn.

Wann d'Fabrikante sech vun dëser Problematik voll bewosst wieren, kéinte se vläicht esou vill wéi méiglech Kontinuitéit an hiren neie Systemer behalen. Och sollten eeler Betribssystemer nach weider ënnerhale ginn. D'Verwaltungen an d'Banken am besonnesche sollen och speziell op deen Aspekt Uecht ginn, wa se nei Applikatioune bréngen oder einfach nëmmen een neien Template aféieren.

Et ass extrem bedréckend fir jiddereen, wann een op eemol feststellt, datt een net méi matkënnt a sech dann ausgeschloss fillt.

An dat däerf op kee Fall de Sënn vum technesche Fortschrëtt sinn.

Michel MAQUIL
Fräie Wirtschaftsberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

*) Exclusion numérique: "les publics touchés sont bien plus diversifiés que ce qu'on peut imaginer" https://www.blogdumoderateur.com/exclusion-numerique-publics-emmaus-connect/ 9 octobre 2020

**) Baromètre de l'inclusion numérique 2020 Fondation Baudouin. Cette étude est disponible gratuitement sur le site www.kbs-frb.be