D'Noémie Leer, Vize-Presidentin vun AHA Lëtzebuerg, stellt sech d'Fro, ob mer zu allem eng Meenung mussen hunn.

Carte Blanche vum Noémie Leer

Meenungsfräiheet ass ee Grondrecht, kee Grondmussen. Dat bedeit, dass mer all d’Recht hunn, eis Meenung ze äusseren, mä net, dass mer se bei all Geleeënheet musse Kont ginn. An der Kakophonie vun de schnelle Meenungsäusserunge verléiert ee nämlech séier den Duerchbléck.

Do stellt sech fir mech awer d’Fro: a wann d’Geheimrezept fir eng méi humanistesch Welt wier, net zu allem missen direkt eng Meenung ze hunn a se rauszeposaunen? Virun allem wann déi soi-disant "Meenung" eigentlech nëmmen duerch passend Häppercher aus den ënnerschiddlechste Medien zesumme gepléckt an erëmgekatzt ass? Den amerikanesche Schrëftsteller Karl Taro Greenfeld nennt dat "Faking Cultural Literacy"– kulturellt Wësse virtäuschen. Hie fënnt, dass et nach ni sou einfach gewiescht wär, sou ze maachen, wéi wann ee vill wéisst, ouni tatsächlech iergendeppes ze wëssen. Sech eng informéiert Meenung ze bilden, kascht nämlech Zäit an ass ustrengend, mä awer batter néideg.

Wouhier kënnt eigentlech dee Besoin, sech zu allem, ouni iergend eng Expertise an deem Domän, missen ze positionéieren? De Sozialpsycholog Ernst-Dieter Lantermann bréngt et a sengem Buch "Die radikalisierte Gesellschaft" op de Punkt: seng Aarbecht setzt un um grondleeënde mënschleche Bedierfnis no Kontrolléierbarkeet a Gewëssheet. Wann déi Bedierfnisser op Dauer net erfëllt ginn, erlieft de Mënsch d’Onsécherheet vu senger Liewenssituatioun als gravéierend Bedreeung vu sengem Selbstwäertgefill.

Doduerch riskéiere mer, eis eng ganz perséinlech Realitéit opzebauen, mat "klorem" Bléck op dat, wat d’Wourecht, dat "Richtegt" oder dat "Falscht" ass, mat (anscheinend) genauem Wëssen op wéi enger Säit een ze stoen huet. Och wa wuel net alles falsch ass, wat mer dann denken a behaapten, musse mer awer oppassen, wann eist Weltbild héichgradeg rigid a resistent gëtt.

Wann een dat kann unerkennen an am géigesäitege Respekt kann diskutéieren, léiert ze verstoen, wat deen anere Mënsch denkt a fillt, dann ass eng Diskussioun op Aenhéicht villäicht awer méiglech. Et muss een net mat allem d’Accord sinn, wat anerer denken. Mä et ass en Ufank, fir Brécken ze bauen. Mir sollten eis trauen, manner ze "mengen" an dofir méi Froen ze stellen. De Wee zur Meenung ass séier an einfach, de Wee zum Wëssen ass laang a stengeg. Wéi sot schonn de Sokrates? “Ech weess, dass ech net weess.”

Duerfir traut Iech och mol einfach keng séier Meenung ze hunn, an ze soen: "Et ass mer egal". Am Sënn vum franséischen Terme "égal" - "gläichwäerteg", ergo bedeit vill verschidde Perspektiven op eng an déi selwecht Thematik gläichberechtegt am Raum stoen ze loossen, ouni déi eege Meenung als déi besser oder déi richteg duerzestellen. Da wär vill Zäit, déi een op de soziale Netzwierker verléiert, op anere Plaze besser investéiert.