En intelligent Erweidere vum Bauperimeter duerch en ëffentleche Buedemfong no éisträicheschem Virbild. Wann d’Deele vum Buedem net duerchgesat gëtt, blockéiere mir eisen aktuelle Wirtschaftsmodell. Vum Pierre Hurt, Directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.

De reng spekulativen Ëmgang mat der Ressource Buedem huet d‘Grondstéckpräisser an d‘Héicht gedriwwen an d‘Wunnengsnout stänneg verschäerft.

Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt

Nom Motto: „Firwat bauen, wann Näischtmaachen um Terrain méi Rendit bréngt?“

Mir brauchen elo en Instrument dat eng fundamental Ännerung mat sech bréngt: e groussen Deel vum Bauland muss am Sënn vun der Allgemengheet mobiliséiert ginn, well nëmmen néng Prozent sinn an ëffentlecher Hand.

Mat dem Buedem - en Allgemenggutt wéi Waasser a Loft - gëllt richteg ëmzegoen.

De Pacte Logement 2.0 ka villäicht een Deel vum Problem léisen, awer nëmme laangfristeg. Och déi zukünfteg Baulandverträg ginn net wäit genuch, fir de Wansinn um Immobiliëmaart ze stoppen.

International Best-Practice-Beispiller weisen d‘Weeër aus der Wunnengskris, wann d’Politik dozou bereet ass.

Éisträich huet an dësem Kontext eng gutt Léisung.

Si baséiert um Modell vun engem ëffentleche Buedemfong, deen eng intelligent Erweiderung vum Bauperimeter erlaabt: D’Gemengen oder de Staat kafen oder tausche Grondstécker, déi nei an de Perimeter opgeholl ginn – an dëst fir de Präis, deen déi Flächen an dem Moment als net Bauland wäert sinn.

Dës Proprietären hunn awer d‘Garantie, datt hir Terrainen ëmmer am Besëtz vum der ëffentlecher Hand bleiwen a net zu Spekulatiounszwecker mëssbraucht ginn.

Déi Aspuerunge bei de Grondstéckspräisser kënne fir d’Finanzéierung vun héichwäertegem a bezuelbarem Wunnraum genotzt ginn. Qualitativ Wunnen ass a Recht fir ons all, an erlaabt a gutt Zesummeliewen.

Ausserdeem ginn domat och d‘Proprietäre vu Grondstécker am Perimeter encouragéiert, hiren Terrain ze viabiliséieren.

Eng éischt juristesch Etüd weist: den éisträichesche Modell ass mat der lëtzebuergescher Verfassung am Aklang duerch een entspriechend Gesetz.

Geschitt elo näischt, da muss eise Gesellschaftsmodell iwwerduecht ginn.

Wann d’Deele vum Buedem net duerchgesat gëtt, blockéiere mir eisen aktuelle Wirtschaftsmodell.

Soss kënne mer eis der Wuesstemsdiskussioun net méi entzéien, vläicht eng gutt an noutwenneg Alternativ als Reaktioun op d‘Klimakris.

Kommt an diskutéiert mat eis op der Table Ronde "Les Communes et le logement abordable", den 21. Abrëll, all Info ënner oai.lu: Dir hutt och nach Iddien, a Pacte Logement mam Privatsecteur, méi einfach a séier Prozeduren.

Pierre Hurt