De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert déi neisten Zuele vum Statec am Logement.

Carte Blanche vum Marc Limpach

Zuelen a Statistiken hu mer a leschter Zäit, um sanitäre Gebitt, deeglech gelies. Ufank dëses Mounts huet eng Zuel vum Statec erféiere gedoen. D'Präisser fir Appartementer an Haiser sinn, Enn 2020, ëm 16,7% par rapport zum 4. Trimester 2019 geklommen. Haiser eleng ëm 19,7%.

De Meterkaree-Präis läit bei Appartementer am Kanton Lëtzebuerg bei iwwer 10.000 Euro. De Wäert vun engem Appartement, dat 2010 nach 600.000 Euro kascht huet, läit haut bei 1 Millioun, a wäert, wann d'Progressioun selwer nach weider esou ongebremst klëmmt, an 10 Joer, bei iwwer 4 Millioune leien.

Wunne gëtt zu Lëtzebuerg fir ëmmer méi Leit ëmmer manner bezuelbar. Den Observatoire de l'habitat huet ausgerechent, dass, am ënneschte "Fënneftelwäert" vum Niveau de vie, de finanziellen Effort vu Locatairen oder Proprietären, déi e Prêt zeréckbezuelen, iwwer 50% vun hirem verfügbaren Akommes bedréit.

Déi Entwécklung huet negativ Konsequenzen a bal alle Beräicher vun eiser Gesellschaft: d'Ongläichheet klëmmt, den „Ascenseur social" fonctionéiert ëmmer manner, well de Wee zur Proprietéit fir vill Leit verspaart ass, d'Lounpolitik an den Transport si betraff, d'Sozialtransferten an déi finanziell Reserve fir den ökologesche Wandel... De Logement ass wuel deen dréngendste sozialen a strukturelle Problem an eisem Land. De Pacte logement 2.0 ass dobäi e Schrëtt an déi richteg Richtung, awer, wéi d'Chambre des salariés, an hirem Avis dozou schreiwt: "le projet de réforme [est] insuffisant et incomplet [...] les modifications manquent d'ambitions."

Natierlech ass d'Entwécklung am Logement multikausal - an op verschidden international a makroekonomesch Tendenzen huet d'Regierung keen direkten Afloss. Awer de Problem ass esou fundamental fir déi nächst Generatiounen, dass méiglech Léisungen eng absolut politesch Prioritéit misste sinn. Dat ouni Tabu, parteipolitescht Geplänkels oder ideologesch Scheiklappen. Am Beschten och an der aler Lëtzebuerger Traditioun, fir iwwert eis Grenzen eraus ze kucken, wat, a vergläichbare Situatiounen, elo relativ séier hëllefe kéint.

Gedanken kéint ee sech maachen iwwer d'Besteierung a „Subventioune" beim Bauen, Kafen a Verlounen, iwwert den Taux d'amortissement accéléré an d'Grondsteier, Baulücken, Leerstand a Perimeter, bedéngt méi héich bauen, weider Verflichtungen fir Promoteuren fir eng besser sozial Stafflung vun de Wunnobjeten, nach méi Wunnraum an ëffentlecher Hand, Autorisatiounen a Prozedure vereinfachen, den Equiliber Bureaux/Wunnraum respektéieren, Nottärskäschten oder Immobilienakter fir d'Haus, an deem ee wunnt, op e Minimum begrenzen etc. Dat alles natierlech am Aklang mat rechtsstaatleche Prinzippien. Esou wéi d'Bundesverfassungsgeriicht am Urteel vun 2019 iwwert d'„Mietpreisbremse" festgehalen huet: en Agrëff an den Droit de la propriété ass méiglech, wann den ëffentlechen Interêt et rechtfäerdegt an Verhältnesméissegkeet respektéiert ass.

Den Hans-Jochen Vogel huet, a sengem leschte Buch, ganz vehement géint déi ongebremsten „Zockerei mit Grundstücken" a fir eng „Bodenwertzuwachssteuer" plädéiert. Dee war natierlech Sozialdemokrat, awer esouguer de Steierexpert Keith O'Donnell huet am Januar 2020 am Lëtzebuerger Land ganz allgemeng gesot: "En outre, et je le dis en capitaliste convaincu, l'État devrait intervenir beaucoup plus dans le logement." Mir brauchen all Acteuren an Iddien un engem Dësch an e klore Masterplang „Logement" mat Mesuren an alle Beräicher, ier et ze spéit ass.