De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, mécht sech Gedanken driwwer, wouhier déi wäit verbreeten Tendenz staamt, fir iwwerall no “Schëllegen” ze sichen, anstatt Problemer ze léisen.

Säit leschtem Joer gëtt däitlech, dass eng ganz Partie Mënschen e staarkt Bedierfnis verspieren, hir Verantwortung u sougenannten "Responsabeler" ofzeginn – well sou kann een op d'mannst ee Schëllege verantwortlech maachen, fir alles wat d’Gemidder erhëtzt.  Déi chrëschtlech-kathoulesch gepräägte Schold- an Afferkultur ass och an enger "moderner" Gesellschaft vum 21. Joerhonnert nach erstaunlech déif an de Käpp vun de Leit verwuerzelt. D’Scholdfro gëtt jo schonn direkt am Paradäismythos thematiséiert: vu datt Adam an Eva gesënnegt hunn, huet d’ganz Mënschheet gesënnegt a muss dowéinst d’Konsequenze vun där Urschold droen; souguer Kanner komme scho schëlleg op d’Welt.

An der Mass kritt een déi Schold säit Joerhonnerte mam Confiteor, dem allgemenge Scholdbekenntnis, agetriichtert:

„Ich bekenne Gott, dem Allmächtigen, und allen Brüdern und Schwestern, dass ich Gutes unterlassen und Böses getan habe – ich habe gesündigt in Gedanken, Worten und Werken durch meine Schuld, durch meine Schuld, durch meine große Schuld.“

De Calcul geet op: wie sech schëlleg fillt, geet e beichten a begëtt sech sou an de Schouss an d’Kontroll vun der Kierch. Wat praktesch ass, well mer eis Responsabilitéit kënnen ofginn an eis Reegelen ënnerwerfen, déi eis gläichzäiteg Sécherheet ginn an eis entmëndegen. Déi chrëschtlech-kathoulesch Kultur hannerléisst eis d’Traditioun vun der Erzéiung zur Hëlleflosegkeet, déi op Angscht baséiert.

Vu dass déi eege Responsabilitéit sou schwéier weit, ass et ëmsou méi befreiend, wann een dann endlech e Sënnebock fonnt huet an eng vereinfacht Erklärung fir komplex Sachverhalter huet. Dee Sënnebock ass och eng ideal Projektiounsfläch fir di angeblech oder reell Schold, fir meng eege Schold, dass ech Saachen net well wouer hunn, net kann akzeptéieren oder fir déi Saachen, fir déi ech mech net well veräntwerten.

Ass d’Gepöbels an der Press sou wéi an de sozialen Netzwierker iwwert déi angeblech Schold vu Mënschen, déi Entscheedunge getraff hunn oder hu missen treffen, um Enn vläicht souguer en Iwwerbleibsel vun enger archaescher Reliounskultur? Mëttlerweil sinn abstrus Verschwierungstheorien an Erklärungsmodeller entstan, fir den Ursprong vun der Pandemie ze "erklären”: wéi berouegend also, endlech "seng Zilscheif" fonnt ze hunn! Et erlaabt deenen, déi am Kader vun der Bewältegung vun der Pandemie näischt bäigedroen hunn, sech vun hire Schold- an Ohnmachtsgefiller ze befreien, andeems se mam Fanger op anerer weisen, fir vun der eegener Ontätegkeet ofzelenken.

En asiatescht Spréchwuert beseet: "Léis de Problem, net d'Scholdfro."

Well souguer, wann e Sënnebock bis fonnt, geschluecht a geaffert ginn ass: Eng ganz Partie Problemer sinn domat trotzdeem net einfach sou aus der Welt. Statt also Zäit ze verschwenden, no Schëlleger ze sichen, sollte mer besser geziilt a konstruktiv Léisungsusätz investéieren.