De fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierte Robert Weber beschäftegt sech mat der Gerechtegkeet.

Eng Carte Blanche vum Robert Weber

Gerechtegkeet ass e grousse Begrëff, en ass awer meeschtens subjektiv.

Do, wou mer eis awer bal all eens misste sinn, ass, dass et net gerecht ass, wann de räichste Fënneftel vun eiser Gesellschaft iwwert 85% vum gesamte Verméigen verfüügt, wärend dat äermste Fënneftel manner wéi 1% huet. Wa mer also elo vun Ëmverdeelung schwätzen, da misste mer awer all soen, dass dat nëmme gerecht wär.

De World Inequality Lab beschäftegt sech mat der Erfuerschung vun der globaler Ongläichheetsdynamik. Säi Bericht aus dem Joer 2018 weist, dass d’Ongläichheet tëschent Aarm a Räich zanter 1980 ronderëm de Globus zougeholl huet. De räichste Prozent vun der Weltbevëlkerung konnt an dëser Zéit méi wéi e Véierel vum Verméigenszouwuess op der Welt fir sech sécheren.

Déi räichsten 0,1% hunn hiert Verméigen an deenen leschte 40 Joer ëm di selwecht Zomm gesteigert, wéi di ënnescht 50%. Dat Verméigen, dat Wirtschaftswuesstem zanter der Globaliséierung geschaf huet, ass bei villen Aarmen e wéineg, bei ganz wéineg Räichen gewalteg a bei der sougenannter grousser Mëttelschicht kaum bis iwwerhaapt net ukomm.

Ass dat gerecht ?

D’Schéier tëschent Aarm a Räich ass riseg auserneegaangen. Dee Bericht iwwert Weltongläichheet weist iwwregens och, dass an deene Länner, déi eng aktiv Verdeelungspolitik a Sozialpolitik bedreiwen, déi Schéier manner extrem auserneegeet. Dat bedeit, dass d’Ofschafung vun der Aarmut méi schnell virugeet, wann dat tatsächlech e politescht Zil ass! A sech eben net esou als Begleeterscheinung ergëtt.

Den Deputéierte Paul Galles hat an der Chamber eng Debatt iwwert d’Aarmut lancéiert. Resultat: An der Regierung, an de Parteien DP, LSAP an Gréng gëtt et keng Ëmverdeelungspolitik. De Wëllen ass net do!

De Finanzminister huet ugekënnegt,dass et an dëser Legislaturperiod keng Steierreform géing ginn. Also Ëmverdeelungspolitik Neen.

Fannt dir dat gerecht, dass Firme wéi Amazon a. a. hei zu Lëtzebuerg bal keng Steiere bezuelen? Dass eise Finanzministère dëse multinationale Firmen speziell Steierofkommes mécht? Dass mer nach ëmmer all Dag als Steierparadäis bezeechent ginn?

Steierparadäis bezitt sech net op eis Lounsteier! Steieren erléisst een an der Reegel, fir dass Geld an Investitioune fir d’Allgemengwuel (wéi dat Wuert an der Chrëschtlecher Sozialléier, nieft Solidaritéit a Subsidiaritéit heescht) fléisse soll.

Déi räich Leit stiechen hiert Geld a Finanztransaktiounen a verstoppen et an de Steierparadäiser. Ass all dat Gerechtegkeet?

Léif Parteien, sot eis virun de Walen, wat fir eng Steierpolitik dir no de Wale maache wëllt a wéi är Ëmverdeelungspolitik ausgesäit.