D'Covid-Epidemie an och déi klimabedéngte Naturkatastrophen hu besonnesch vill Leed an den aarme Länner matsechbruecht. Well do de Staat net hëllefe kann, sinn d'Leit sech selwer iwwerlooss. An dëser Carte Blanche gëtt erkläert, wéi d'Mikroversécherung eng Léisung ka bidden, fir datt an esou schwieregen Zäiten déi Leit sech selwer kënnen hëllefen

Carte Blanche: Michel Maquil

Am Juli goufe vill Familljen haart vun de groussen Iwwerschwemmunge getraff. De Schued an d'Leed waren immens. Och d'COVID-Epidemie huet vill Leed matsechbruecht.

Glécklecherweis gouf hei zu Lëtzebuerg séier mat finanziellen a logistesche Mëttele gehollef.

Dogéint kënnen déi meeschten Entwécklungslänner hiren Awunner keng esou Hëllefe ginn. Do sinn d'Awunner sech selwer iwwerlooss. Esou hu mir dat an Indien gesinn, wéi d'Delta-Variant sech massiv ausgebreet huet a Millioune Leit aus dem klenge Mëttelstand an d'Aarmut zréckgefall sinn.

Do derbäi kënnt, datt d'Awunner vun den Entwécklungslänner, déi zu den V20-Staate*) gehéieren, dann och nach reegelméisseg vu grousse Naturkatastrophe getraff ginn **). Esou gouf et rezent op de Philippinnen: Ee grousse Vulkanausbroch, een Äerdbiewe vu 6,6 op der Richterskala an derbäi och nach eng Rei tropesch Stierm. Am ganzen hu méi wéi 3 Millioune Leit missen hiert Haus verloossen, fir sech a Sécherheet ze bréngen

Et kann een dervun ausgoen, datt an den Entwécklungslänner ronn 80 Prozent vun der Bevëlkerung keng nennenswäert sozial Ofsécherung huet an och kaum d‘Méiglechkeet huet, sech privat ofzesécheren. Wann zum Beispill ee krank gëtt an deene Länner, ass et meeschtens esou, datt da muss eng aner Depense gestrach ginn. Leider ginn dann oft d'Kanner aus der Schoul geholl, well déi net gratis ass. Mir däerfen eis dann net verwonneren, datt vill Leit aus esou Géigende versichen, a Länner ze zéien, wou se sech méi sécher fillen.

An deem Kontext huet d’Mikrofinanz am allgemengen, an d'Mikroversécherung am besonneschen, eng Léisung ze bidden, fir de Betraffenen eng bescheide Méiglechkeet ze ginn, sech an Nout selwer ze hëllefen. Esou kënne kleng Baueren, Ziichter an Handwierker sech mat engem minimalen Asaz géint esou Schicksalsschléi, op d'mannst e bëssen ofsécheren.

Dowéinst ass d’Mikroversécherung ee vun de meescht gefrote Finanzprodukter an den Entwécklungslänner ginn.

Am Sënn vun der Entwécklungshëllef wier et elo awer net fir de Betraffenen d’Primmen ze bezuelen, mä just ze suergen, datt déi néideg Infrastrukturen a virun allem och déi Versécherungsproduiten esou geschaft ginn, fir datt d'Déngschtleeschtunge mat engem minimalen Opwand kënnen ugebuede ginn.

D'Lëtzebuerger Regierung hat fréi erkannt, wéi wichteg d'Mikroversécherunge wieren, an huet schon 2012 gehollef, datt hei zu Lëtzebuerg de "Micro Insurance Network" *** geschaaft gouf. Dee Reseau operéiert, fir datt Leit aus alle Länner an aus alle Schichte vun der Bevëlkerung Accès kréien zu Versécherungen, déi hirem Liewensstandard ugepasst sinn. Dëse Reseau regruppéiert eng 400 Professioneller aus 60 Länner.

Et ass scho vill erreecht ginn, awer den Impakt ass nach net grouss genuch. Et gëllt elo méi d'Bewosstsinn an den entwéckelte Länner ze schafen, wat déi desastréis Bedingunge betrëfft, ënnert deene vill Leit musse liewen. An da mussen all déi Risken ageschat ginn, deenen déi Leit ausgesat sinn, fir dann do mat spezifesche Mikroversécherungen ze versichen, déi verschidden Typpen vu Risiken an de Grëff ze kréien.

Lëtzebuerg de 6. Oktober 2021

Michel MAQUIL

Fräie Finanzberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

*)          https://www.v-20.org/about 

**)        https://climate-insurance.org/wp-content/uploads/2021/02/The-V20-led-SIF-at-a-Glance_January-2021.pdf

***)      https://microinsurancenetwork.org/