“Du muss deng An opmaachen, selwer sichen, selwer nodenken!”

Jo! Mee sou einfach ass dat net.
De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, warnt virun der Versuchung ze mengen, et géif duer goen, wann een einfach seng An opmécht, selwer nodenkt oder selwer seng Recherche mécht, fir doduerch eng opgekläerte Positioun z’entwéckelen.
An den Internetfore fënnt een des Ëfteren d’Ausdréck “Do Your Own Research!” oder och “Wake up!”, wa Leit mateneen diskutéieren a se sech net eens ginn, wat da lo wouer ass.
Op den éischte Bléck kléngt dat jo och vernënfteg a sënnvoll.
Selwer sichen an d’An opmaache, fir d’Wouerecht ze erkennen, dat ka jo wuel net esou schlecht sinn, well skeptesch sinn, kritesch hannerfroen, net alles blann gleewen, wat een héiert oder liest, dat klengt alles ganz richteg. Dat entsprécht och deem, wat Humanisten, Atheisten, Opklärer a Skeptiker säit jeehier gesot hunn. A jo, d’kritescht Hannerfroe vun ënner anerem reliéisen Dogmen a vun Autoritéitspersounen huet eis virubruecht an eisem Verständnis vun der Welt.
Mee op den zweete Bléck erkennt een awer, dass esou Sloganen duerchaus problematesch sinn.
Éischtens, well déi, wou des Spréch benotzen, oft probéieren, d’Leit z’iwwerzeegen, dass si Recht hunn mat deem, wat si behaapten, ouni selwer d’Beweiser dofir ze liwweren. Dat iwwerloosse si da mol einfach hirem Vis-à-Vis, dee sech dann eventuell guer net op d’Sich mécht an einfach unhëlt, dass dat wuel wouer ass, wat behaapt gouf, well deen Aner jo seet, et géif dofir Beweiser ginn. Oder, wann deen dann awer selwer nosicht, da weess dee jo net onbedéngt, ob dat stëmmt, wat en do sou fënnt.
Zweetens, well dat “selwer denken, selwer no Äntwerte sichen” zimmlech schifgoe kann. Dat ass guer net esou einfach, wéi ee menge kéint. Et geet net duer, just seng An opzemaachen, fir d’Wouerecht ze gesinn; sou funktionéiert Wëssenschaft net. A beim Sichen no Äntwerte waarde vill Falen op eis.
Oft siche mer onbewosst no Quellen, déi dat bestätegen, wat mer fir wouer halen. Oft geet et net duer, einfach eppes a Fro ze stellen, fir automatesch eng méi korrekt Äntwert opzestellen. Oft si mer net kritesch genuch par Rapport zu einfachen Äntwerten op komplex Froen. Oft hannerfroe mer net déi Erklärungen, déi eis spontan gefalen a stëmmeg erschéngen. Oft menge mer, dass déi wou sech hirer “Theorie” sécher sinn, déi sinn, déi Recht hunn. Oft di mer eis schwéier domadder, zäitgenëssesch wëssenschaftlech Fuerschung ze verstoen, well eis einfach e ganze Koup Virwësse feelt.
Wëssenschaftlecht Schaffen ass eng Kulturtechnik, déi geléiert wëll sinn.
Bescheide bleiwen, an deem, wat mer mengen ze wëssen a besonnesch eis eegen Iwwerzeegunge permanent hannerfroen, dat ass zwar net einfach, mee dat schützt eis virun der Hybris vun der Arroganz vum Ignorant, deen net mol selwer mierkt, wéi grouss seng Ignoranz ass.
A kee vun eis ass fräi vun Ignoranz.