De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass déi rezent Berichter aus diverse Länner, iwwer d‘Mëssbräich an der kathoulescher Kierch, ee Skandal op e puer Niveauen offe leeën.

Carte Blanche vum Bob Reuter

Sou lues dierft jidderee matkritt hunn, datt et an der kathoulescher Kierch an de leschte Joerzéngte massiv zu Fäll vu Mëssbrauch koum, datt dat systematesch verheemlecht an erofgespillt gouf, datt d’Opklärungsaarbecht éischter verhënnert oder behënnert gouf, datt vill Affer nach haut drop waarden, dass fir Gerechtegkeet gesuergt gëtt an datt eng Form vu Parallel-Justiz huet dierfe stattfannen, déi soss kaum enger anerer Organisatioun géif duerchgelooss ginn. Kuckt iech nëmmen un, wat alles op d’Tapéit komm ass an Däitschland, am Äerzbistum Köln, am Äerzbistum München a Freising awer och am Äerzbistum Tréier, a Spuenien, a Frankräich sou wéi an den USA an a Kanada.

Ech kann dat just skandaléis fannen, op ville Niveauen.

Et ass skandaléis, wa Mënschen hier Muechtpositioun mëssbrauchen an dobäi anere Mënsche Leed undinn, déi u sech ënnert hire Schutz gestallt goufen, ëm deenen hiert Wuel si sech eigentlech këmmere sollten.

Et ass skandaléis, wann dat an enger Organisatioun passéiert, wou sech selwer als eng moralesch Autoritéit ugesäit a sech dobaussen esou duergestallt, selwer dësem Usproch awer net gerecht gëtt.

Et ass skandaléis, wann Affer déi sech zu Wuert mellen, entweder net gegleeft gëtt oder probéiert gëtt, hinnen d’Schold ze ginn.

Et ass skandaléis, wann Zéien déi sech zu Wuert mellen, als Naschtbeschmotzer duergestallt a monddout gemaach ginn, well kee sech virstelle kann oder wëll, datt dat stemmt wat si zielen.

Et ass skandaléis, wann d’Mëssbrauchsfäll ëmmer nees bagatelliséiert ginn.

Et ass skandaléis, wann net erkannt gëtt, datt de Mëssbrauch strukturell begënschtegt gouf duerch geschlosse Reim, hierarchesch Strukturen, Klerikalismus, Allmachtsphantasien, systematescht Ariede vu Schold, Angscht a Schweigen, eng liewensfriem Sexualmoral, Schäinhellegkeet, asw.

Et ass skandaléis, wann net fir systematesch Opklärung gesuergt gëtt, mee wann nëmmen op Drock vu Baussen an dann nëmmen zaghaft reagéiert gëtt.

Et ass skandaléis, wann dobäi ëmmer nees d’Täter aus den eegene Réien méi geschützt ginn, wéi datt sech em d’Wuel vun den Affer gesuergt gëtt.

Et ass skandaléis, wann d’Affer keng Gerechtegkeet kréien.

Et ass skandaléis, wann de Schutz vun der Institutioun virun d’Präventioun an d’Opklärung gestallt gëtt.

Last but not least, ass et skandaléis, wa Rechtsstaaten der kathoulescher Kierch Joerzéngte laang erlaben déi Mëssbrauchsfäll intern ze reegelen, wann déi deem Ganzen nokucken ouni proaktiv z’intervenéieren – obwuel et hier Flicht gewiescht wär, fir juristesch aktiv ze ginn – an eigentlech toleréieren, datt eng Form vu Parallel-Justiz stattfënnt.

Wann aner Organisatiounen sou géifen agéieren, da wär – zu Recht – der Däiwel lass… Wisou ass dat net de Fall bei der Kierch?