De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, stellt sech d’Fro, wat d’Grënn sinn, firwat d'Leit aus der Kierch austrieden oder och net.

An deene leschten 12 Méint sinn op d'mannst eng 150 Leit zu Lëtzebuerg aus der kathoulescher Kierch ausgetrueden. Ufanks dës Joers si méi Leit wéi soss ausgetruede. Dat war déi Zäit, wou rëm méi iwwer d'Mëssbrauchsskandaler bericht gouf.

Et kéint een also denken, dass d'Leit aus engem spezielle Grond austrieden, als Reaktioun op eppes Konkretes. An effektiv gëtt et där Fäll, wou d'Leit der Kierch de Réck dréinen, well se sech iwwer eppes opreegen, wat ee Vertrieder vun der Kierch ëffentlech gesot huet oder well se schockéiert sinn iwwer den Ëmgang mat de Mëssbrauchsfäll.

Mee et schéngt awer, dass de Gros vun de Leit aus engem anere Grond austrieden, dee méi banal schéngt, awer dofir ëm sou méi déifgräifend Konsequenzen dierft hunn.

Ee Bléck bei eis däitsch Nopere kann hei hëllefen. D'Evangelesch Kierch huet do effektiv rezent eng Etüd verëffentlecht, déi si an Optrag ginn hat, fir ze verstoen, wisou hinnen – an der Kathoulescher Kierch – d'Leit reegelrecht fortlafen.

Spannenderweis weist déi Etüd, dass déi allermeeschte Léit, déi aus enger vun deenen zwou Kierchen ausgetruede sinn, dat guer net als Reaktioun op ee konkrete Virfall gemaach hunn, mee well se iergendwann gemierkt hunn, dass se u sech scho laang näischt méi mat der Kierch a mam Glawen unzefänke woussten. Et war hinne just iergendwéi laang egal, ob se nach Member wären oder net. An da koum iergendwann eng gutt Geleeënheet, fir konsequent ze sinn a fir ee Schlussstréch ze zéien.

Et ass e bëssi wéi bei engem Abo fir ee Streaming Service, deen een zwar net oft benotzt, mee wou ee misst ee gewëssen Effort maachen, fir en z’annuléieren, wat een dann net onbedéngt direkt mécht a mol nach eng Zäitche lafe léist, well et jo "net esou deier ass" an een ze bequem ass, fir dee Schrëtt ze maachen.

Mam Ënnerscheed, dass bei deene meeschten dësen "Abo", well vun eisen Eltere fir eis geholl gi war. Obwuel ee selwer sech net wierklech aktiv dofir entscheet huet "dobäi ze sinn", misst een awer selwer aktiv de Schratt maachen, fir net méi "dobäi ze sinn".

An dat schéngt grad deenen, wou de Glawen an d'Relioun u sech egal ass, net wichteg genuch ze sinn, fir et ze maachen... an esou gi se weider als Deel vun där Gemeinschaft gefouert, obwuel se längst näischt méi domadder um Hutt hunn.

Vläicht ass jo elo den Ufank vun der Summervakanz fir deen een oder dat anert vun iech eng gutt Geleeënheet fir dee Schratt ze maachen... et ass och wierklech net schwéier. Dir braucht just ee Formular auszefëllen a kënnt dee souguer per Email raschécken.