Eng 16.000 Leit besëtzen 3 Véierel vum Bauland hei am Land. 160 Leit besëtzen 1 Véierel vum Wäert vun den Immobilien. Sou héich wéi d’Logementspräisser sinn a wéi séier se wuessen, weist op der anerer Säit: de Salaire gëtt fir ëmmer méi Leit irrelevant wann et ëm dat « mat-dat-wichtegst » geet, an zwar en Daach iwwert dem Kapp. Dozou e Commentaire vum François Aulner.

Lëtzebuerg, mir musse schwätzen. Ouni Tabu, kontrovers an am Beschten ouni ze vill Emotioun.

AUDIO: De Commentaire vum François Aulner

D’Lydie Polfer huet Recht, wa se seet, et misst een d’Etüde vum Liser iwwert d’Konzentratioun vum Eegentum   differenzéiert kucken. Si war den 1. Mäerz eis Invité vun der Redaktioun. Net all Terrain huet de selwechte Wäert zum Beispill. Proprietäre sinn och an hirer Roll wa se soen: Eegentum erschafft sech oder huet sech eng Kéier erschafft.

An awer: « Lëtzebuerg geet am Moment duerch eng grav Kris vum Logement (…), déi riskéiert zu enger graver sozialer Kris ze féieren ». Zitat aus dem Tëscherapport  vun der Chamber Spezialkommissioun « Logement » vum 15. November… haalt Iech un: 1990.

Zesummeliewen

Zanterhir seet d’Politik all Joer: « mir musse méi bauen, d’Gemenge méi mat abannen, méi op d’Locatioun setzen ». Ech kann dat net méi héieren. Wéi d’Zuele vum Statec weisen, ass net vill méi gebaut ginn zanterhir. Beispillsweis koume 1993 méi nei Wunnengen op de Maart wéi 2014.

D’Populatioun awer, déi ass an 30 Joer vun 380 op 600.000 gewuess. Souguer e Member vun der Chambre de Commerce huet rezent de Problem agesinn: fréier hu sech 300.000 Leit d’Land opgedeelt, elo sinn et der zwee Mol souvill.

A mir féieren eng Wuesstemsdebatt hei am Land??? Mir mussen en Debat iwwert d’Zesummeliewe féieren!

Chancëgläichheet

Et muss een et sech esou virstellen: an enger Wunneng wunnen am Januar 3 Leit, dorënner een, deen dat gréisst Zëmmer an d’Stuff huet. Bis am Juni zitt all zweete Mount een an, mä t’mécht keen hinne Plaz. Wéi soll do d’Zesummeliewe fonctionnéieren?

Gett Lëtzebuerg eng « Société de rentiers et d’héritiers » huet den Ekonomist Gérard Trausch viru 4 Joer scho gefrot?

Fir dofir ze suergen, datt d’Land sech net an den Hänn vun den « happy few » konzentréiert, muss den Tabu vun der Kapitalbesteierung gebrach ginn. T’ass kee Sozialismus oder Kommunismus, mä Chancëgläichheet.

Private Pouvoir

Genee wéi d’Besteierung vun der Aarbecht, muss d’Besteierung vum Kapital minimal, fair a progressiv sinn. Inexistent däerf et net sinn: Jo, d’Grondsteier gëtt net iwwerall akasséiert an ass extrem niddreg. Verméigenssteier gëtt et net. Ierfschaftssteier an direkter Linn och net. Zielt dat engem am Ausland.

Ech betoune progressiv: Elteren, déi eng Wunneng pro Kand oder souguer Enkel verierwen, kéint een Null besteieren. Mä hei am Land ginn et der, déi hir 100. Acquisitioun feieren. Et gi Promoteuren, déi aus dem Kapp iwwerhaapt net wëssen, wéi vill Immobilie se hunn. Jo, mir mussen d’Problematik differenzéiert ugoen: kleng Proprietäre sollen anescht behandelt gi wéi grousser. Wéi war et scho méi mat de « breede Schëlleren » ?

De fréieren US-President Franklin D Roosevelt sot 1938: « Déi éischt Wourecht ass, datt d’Fräiheet vun der Demokratie a Gefor ass, wann d’Leit toleréieren, datt de private Pouvoir méi staark gëtt, wéi hiren demokratesche Staat. Well dat ass an Essenz Faschismus ».

E puer Iwwerleeungen iwwert eidel Wunnengen

Fir géint Spekulatioun virzegoen, musse mer kanadesch Modeller ëmsetzen: engersäits eng raisonnabel Besteierung vun auslänneschen Investissementer am Logement – zu Lëtzebuerg misst een éischter privat Immobilièren a Fongen viséieren. Anerersäits ass et eng ganz modest Besteierung vu Wunnengen, déi eidel stinn an nëmme wann de Proprietär net ka beweisen, datt en entweder am Gaangen ass ze renovéieren, ze verlounen oder selwer dran ze wunnen. Price Waterhouse Coopers – sécherlech kee lénke Veräin – huet scho fir dës Modeller plädéiert an d’Effeten am Kanada ware positiv.