Alles fir d'Ëmwelt

Commentaire:
Joelle Hengen, RTL Télé Lëtzebuerg
_________________________________
5 fir 12 huet Lëtzebuerg, oder besser gesot de Lucien Lux, de Klimaschutz entdeckt, fir unzefänken gouf du mol direkt décidéiert d'Accisen um Diesel a Benzin ze héichen an och d'Autosteier ass e gudde Krack méi deier ginn.
A ween och nach de Culot huet fir sech driwwer opzereegen dee kritt vum Minister geäntwert datt wann ee sech déck Autoe ka leeschten och héich Steieren dofir ka bezuelen.
Ech fannen dat zimlech iwwerhieflech, Här Lux, firwat mussen d'Leit dann ëmmer fir dat berappe wat d'Politiker verbockt hunn, ëmmerhin ass deen Ëmweltministère mat enger klenger Ennerbriechung scho méi laang a rouden Hänn, sou dass ee sech vru Jore schonn hätt eeschthaft Gedanken iwwer Kyoto kënne maachen, am Plaz just ëmmer nëmmen um Pabeier d'Émissiounen erofzeschrauwen.
Mä well dësen Dossier, wéi vill anerer iwweregens och, 10 Joer laang an den ënneschten Tirang geflunn ass, muss d'Regierung sech elo mat Steiersue fräikafen.
An no Lëtzebuerg wëll och ganz Europa an dësem Domaine eng Virreider-Roll spillen, nodeems Zieler bis 2012 schonn net kënnen agehale ginn, gëtt ewell iwwert eng Verlängerung vum Kyoto-Protokoll bis 2020 nogeduecht, ëmmerhi mussen mer jo verhënneren datt d'Äerd sech an dësem Jorhonnert méi ewéi ëm 2 Grad erwiermt, ma bonne Chance soulaang d'Amerikaner an d'Asiaten net matmaache sti mer zwar gutt awer zimlech eleng do mat eise Virsäz
Sou dass ee sech muss froen ob déi Tonnen CO2 Émissiounen déi d'Ëmweltministere verursaache wa se mat hiren Déngschtween oder souguer mam Fliger op Sommete fueren et wierklech wäert sinn, ëmmerhi gëtt zu Bréissel och vill waarm Loft produzéiert.
An iwwerhaapt Här Transportminister, firwat fuert Dir net mam Zuch op Bréissel, respektiv regelméisseg mam Zuch vun Beetebuerg an d'Stad schaffen?
A firwat hutt Dir keen Hybride-Auto, fir mam gudde Beispill virzegoen?
An Här Ëmweltminister, Är Actioun mat de Plastikstuten déi hunn ech och net verstanen,
ech gehéieren nämlech zu deenen, déi, wéi Dir sot, an Dépressioune verfale well se sech hier Dreckskëschtstuten elo musse kafen, onofhängeg dovun dass déi Bemierkung arrogant an iwwerflësseg war, ginn ech elo wierklech Dreckskëschtute kafen, doduercher verdéngt de Supermarché zwar méi Suen, ech par Conter verbrauche kee Gramm Plastik manner.