Wou bleift d‘Urgence am Logement?

Vu Noutstand oder Urgence ass Rieds, wann et ëm d’Wunnproblematik hei am Land geet. Ma dat awer net eréischt zanter gëschter. D’lescht Woch hate mir a verschiddene Sendungen, dorënner am Kloertext, d’Logementspolitik ugeschwat. Donieft goufen de Rapport vun der SNHBM an dee vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum presentéiert. Vun enger “Urgence” mierkt een an der Politik awer wéineg, fënnt d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.
1989 gëtt de Wunnengsbauministère gegrënnt. D’Politik war sech also bewosst, dass eppes huet missen ënnerholl ginn, mee wann ech mer d’Situatioun haut ukucken, ka jo net vill geschitt sinn. Als Deel vun där Generatioun, déi elo oder viru Kuerzem ugefaangen huet mat schaffen an dann op eegene Been stoe wëll, fillen ech mech veräppelt.
Nach ier mir konnte wiele goen, hu Politiker mat deem Thema Walkampf gemaach.
“Dee vum Wunnen, an do mussen sämtlech Kräften a Reserven a Potentialitéiten mobiliséiert ginn fir deem no ze kommen.”
Den DP-Politiker Charles Goerens an enger Walsendung 2004. Sämtlech Kräften mobiliséieren, kléngt nawell eescht. Wéi wann all Regëster soll gezu ginn.
Haut, méi wéi 15 Joer duerno, ass de Bilan enttäuschend. 2003-2004 louch de Metercarré-Präis am Land an der Moyenne bei 2.420€, esou steet et am Observatoire de l’Habitat. Fir 2020 läit de Präis pro Quadratmeter an der Moyenne tëscht 7 an 8.000€! Eng Hausse vun 200 Prozent. Am Verglach: de Mindestloun gouf tëscht 2006 an 2021 ëm knapp 45% erhéicht.
No “sämtlech Kräften mobiliséieren” gesäit dës Entwécklung fir mech iwwerhaapt net aus.
Hei am Land feelt et virun allem u Wäitsiicht an Oppenheet. An dat nach ëmmer. Wärend an Däitschland geschat gëtt, dass et ronn 2000 Baugenossenschafte gëtt an deene méi wéi 5 Millioune Mënsche liewen, gëtt et hei am Land net eng eenzeg. Versich, sech zesummen ze doen, fir bezuelbare Liewensraum ze schafe gouf et awer, zum Beispill d’Initiative Adhoc.
Mee déi krut no jorelaanger Aarbecht Steng an de Wee geluecht. An de Steen investéiere gëtt zu Lëtzebuerg eben nach zimmlech klengkaréiert gesinn. Do passt e neie Modell net eran.
Genee wéi et hei och keng WG-Kultur gëtt. Wunngemeinschafte si rar, wien mat Frënn zesumme wunne wëll, kritt vun deene meeschte Proprietären iwwerhaapt keng Chance. Dobäi kënnt dass d’Immobilienagence absurderweis vun de Locatairen muss bezuelt ginn, obwuel deen se jo net beoptraagt huet. Fir Leit mat geréngem Akommes ass dat séier eng Erausfuerderung. An hirem Bilan huet d’SNHBM festgehalen, dass aktuell 3000 Persounen op der Waardelëscht stinn, fir eng abordabel Wunneng kënnen ze lounen. Am Inventar vum Spezialfong, deen de Logementsminister Henri Kox d’lescht Woch virgestallt huet, sinn 1.650 Wunnenge fir präiswäert ze lounen. Do mierkt een, dass d’Rechnung net opgeet…
An der Vente sinn d’Präisser explodéiert, vun Enn 2019 op Enn 2020 gouf et eng Hausse vu bal 17 Prozent. An obwuel scho viru Joerzéngten iwwer Präishausse geschwat gouf, schleeft de soziale Wunnengsbau. Aktuell wunnt ganzer 1,5 Prozent vun de Residenten an engem abordabele Logement.
De Minister Kox huet wuel am Kloertext betount, dass d’Investissementer an de soziale Wunnengsbau vu Joer zu Joer klammen. D’Fro ass awer, wisou net vill éischter “sämtlech Kräften” mobiliséiert goufen.
Iddie ginn et der jo genuch a wien vun Noutstand schwätzt, muss och bereet sinn ze handelen. Tëscht ongehemmter Spekulatioun an gezwongener Expropriatioun leie ganz vill Instrumenter. D’Architektin Sala Makumbundu huet zum Beispill am Kloertext d’Iddi opbruecht, net genotzte Bauterraine fir souzesoe provisoresche Wunnraum ze notzen, bis de Proprietär sech entscheet, den Terrain selwer ze notzen. Esoulaang, sief et 10, 15, 20 Joer konnt déi Baulücke wéinstens benotzt ginn, amplaz se brooch leien ze loossen.
Et brauch Kreativitéit a Flexibilitéit fir de Noutstand am Logement ze léisen, en oppene Geescht deen Alternativen zouléisst. Den Ament agéiert d’Politik awer net am Urgence-Modus, mee ëmmer nach esou, dass déi deck Fësch am Aquarium nëmmen net rose ginn.