Am September sinn 300 Refugiéen zu Lëtzebuerg ukomm, déi meescht dovun aus Eritrea, Syrien an Afghanistan.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

Länner an deenen Krich, Misär, Ënnerdréckung an Terror den Alldag vun de Leit bestëmmen. D’lescht Woch huet iwwerdeems e Projet fir eng Flüchtlingsstruktur am Oste vum Land fir vill Opreegung gesuergt. D’Claudia Kollwelter mécht sech am Commentaire vun haut Gedanken iwwert d’Solidaritéit hei am Land:

"Ech hunn näischt géint Flüchtlingen, awer du gees dach net en Hotel, deen top an der Rei ass, duerch Flüchtlingen erëm versaue loossen.”

"Als Mamm hunn ech gewëssen Ängschten, dat wëll awer net heeschen, dass ech hei elo Rassist wär oder sou…“

"Ech si kee Rassist, dat soll elo net sou eriwwer kommen, awer ech si wierklech net dofir, dass dëse Projet soll ëmgesat ginn, well mir si schonn nëmmen e klengt Duerf.“

Dat waren nëmmen e puer vun den Aussoe vu Bierger a Biergerinnen aus der Gemeng Konsdref no enger Informatiounsversammlung, wou e Projet virgestallt gouf, fir en Hotel, dee souwisou verkaf gëtt, un den Office national de l’accueil ze verlounen, fir Flüchtlingen ze logéieren. Mol ofgesi vum Fait, datt e private Keefer dëse Projet ëmsetze wollt an ee sech froe kann, wisou d’Awunner iwwerhaapt doriwwer « mussen » informéiert ginn, sinn déi Aussoe bedenklech an traureg. Mat esou Aussoe kréien d’Leit, déi dohi sollte wunne goen, schonn e Stempel opgedréckt an et gëtt hinne schonn am Virfeld ënnerstallt, en tipptoppen Hotel ze versauen, eng Gefor fir d’Kanner ze sinn oder Onrou an e klengt rouegt Duerf ze bréngen.

Esou Aussoen sinn awer leider net nei an erënnere mech gutt un aner Informatiounsversammlungen am Kader vun der Flüchtlingskris 2015, wou uechtert d’Land Strukturen opgemaach goufen an d’Leit sech Suerge gemaach hunn. Datt déi onberechtegt waren an dacks op Onwëssenheet a Virurteeler baséiert hunn, huet sech zum Gléck séier erausgestallt.

Solidaritéit jo, mee wann ech gelift net viru menger Hausdier – den typesche Fall vum sougenannten Nimbysmus – not in my backyard – ass och am Fall vun der Gemeng Konsdref leider rëm extrem present.

Ech wëll net soen, datt d’Bedenken oder d’Ängschte vun de Leit ignoréiert solle ginn – dat géif de Problem just verschäerfen. Mee d’Fro ass, viru wat genee d’Leit Angscht hunn – ass et d’Ongewëssheet, de Changement, dat Friemt ?

Vläicht soll ee sech da mol froen, wéi déi Leit, déi hei ukommen sech musse fillen. Si verloossen hir Heemecht, brénge sech zum Deel selwer a Gefor, loossen Deeler vun der Famill a Frënn hannert sech, op der Sich no Sécherheet an enger besserer Zukunft fir sech an/oder hir Kanner. Ongewëssheet, Changement an dat Friemt steet fir déi sécherlech am Ufank op der Dagesuerdnung.

Fir déi potentiell Ängschten op béide Säiten lues a lues ofzebauen, misst een esou Projete vläicht och einfach anescht ugoen. An d’Bierger aus de Gemengen net just iwwert d’Fonctionnement vun sou enger Wunnstruktur informéieren, mee se och mat abannen. Amplaz Informatiounsversammlungen ze organiséieren, wou Leit just hir Roserei oder Friemenhaass wëlle lass ginn, misst ee méi konstruktiv Formater schafen wéi Workshoppen mat de Bierger, fir ze kucke wéi een d'Leit integréiere kann, wéi ee fort kënnt vun engem réng Nieftenee-Wunnen, hin zu engem Mateneen.

Gelonge Beispiller ginn et, déi de Leit vläicht och gewëssen Ängschte forthuelen. Ma als Gemengeresponsabel muss ee sech natierlech och bewosst sinn, datt een et net jidderengem gerecht ka maachen, datt et ëmmer Leit wäerte ginn, déi sech géint sou Projete striewen a keng Empathie opweise wëllen oder kënnen. D'Matgefill spillt an esou Situatiounen eng Roll an et wier schéin ze gesinn - och am Hibléck op d'Superwaljoer - wann d'Politik a sou Fäll de Courage hätt dat duerchzezéien, wat de gesonde Mënscheverstand fir richteg hält.