Am Commentaire ass de Fränz Aulner "masoschistesch". Fir déi, déi d'Wuert net kennen: dat heescht, hien huet gär, wann een him wéideet. Hie freet nämlech: wéini ginn d’Amenden nees an d'Luucht gesat?

De Commentaire vum François Aulner

Jo, well déi sinn zanter den Euro agefouert gouf, generell net méi no uewen ugepasst ginn. Wann ee virun 20 Joer ee gepecht krut fir 24 oder 49 Euro, dann huet dat engem däitlech méi wéigedoe ewéi haut. 20 Joer laang war d’Präisdeierecht relativ stabel bis viru Kuerzem. Gi mer vun enger Inflatioun vun 2 Prozent pro Joer aus am Duerchschnëtt an et rechent een déi op 20 Joer, da misst en Avertissement taxé, deen un d’Inflatioun ugepasst gëtt, net méi 24 Euro kaschten, mä 36 Euro. Ëmmerhi sinn d’Paie jo zanter 2002 och an d’Luucht gaangen. Sécher, fir déi eng méi ewéi fir déi aner. De Statec deelt et an Alterskategorien op, ech picken der zwou eraus. Bei där vun 30 bis 49 Joer ass d’Medianakommes vu ronn 2.550 op ronn 3.550 geklommen. Bei de Senioren iwwer 65 vu ronn 2.450 op ronn 4.000. An dann hu mer nach net iwwert d’Verméige geschwat.

Et ass also kloer: fir d’Leit ze decouragéieren, wëll ze parken, misst ee méi bezuelen, wann ee falsch parkt oder aner Infraktioune mécht. Virun de Walen an an Zäiten, wou schonn alles méi deier gëtt, ass natierlech nozevollzéien, datt d’Politik nimools wäert do drugoen. Mä da brauch ee sech net ze wonneren, wann zum Beispill en Affekot en fin de carrière hemmungslos an der Groussgaass parkt. De jonken Affekot oder e Freelance par contre, deem seng Tariffer dacks net indexéiert sinn, dee kräischt elo schonn, wann hien ee gepecht kritt. Vläicht wier e Kompromëss deen, Amenden endlech a Funktioun vum Niveau de vie ze staffelen? Modeller dofir gëtt et an de skandinavesche Länner, a Groussbritannien an an den USA. Do ginn d’Amenden net just a Funktioun dovunner berechent, ewéi schlëmm d’Infraktioun war, mä och, wéi vill den Auteur vun der Infraktioun verdéngt.

Wéi d’Tripartite gewisen huet, sinn d’Parteien aktuell awer leider net a Laun, fir sozial selektiv oder ekologesch eppes z’ënnerhuelen. Novollzéibar, wéi gesot, an dach bedauerlech. Well am Zesummenhang mat der aktueller Energiekris, hannendrun déi méi schlëmm Klima- an ekologesch Kris a parallel dozou d’Ongläichheeten, déi wuessen, sinn onpopulär Mesuren eben néideg. Och wann dat den "happy few" net gefält.

D’Amendë si just e Beispill, fir d’Effete vun den Ongläichheeten z’illustréieren. Fir déi no onendleche Floskelen endlech ze reduzéieren, brauch ee méi ewéi kleng sozial selektiv Mesuren. An zwar strukturell Ännerungen, dorënner eng Steierreform. Keng, déi queesch duerch d’Tabellen entlaascht, mä eng, déi fundamental Ëmverdeelungseffekter hätt an dozou gefouert, datt Verméige méi ewéi d’Aarbecht besteiert gëtt, sou ewéi et fréier de Fall war. D’Steierrecettë soll de Staat iwwerdeems och net a Form vu méi Pai ausginn, mä fir déi Investissementer, déi d’Land brauch. Niewebäi wier net verkéiert, Tabula Rasa ze maache bei de Lounstrukturen, déi een hei am Land deelweis guer net méi novollzéie kann. D’Virdeeler, wann héisch Gehälter net ëmmer méi a méi séier klammen: et reduzéiert d’Inflatioun an et ass gutt fir d’Ëmwelt.