D'Opootme war en Donneschdeg den Owend aus dem Stater Regierungsquartier bis op all d'Chrëscht- a Wantermäert ze héieren - de Politmonitor gouf net zur Guillotine, déi vill Politiker gefaart haten, och wa sech der Vill musse froen, wéi se hir Strategie adaptéiere mussen, fir bei de Leit ze punkten - mat Wiem d'Parteien als Leader an d'Wale ginn, ass fir de Roy Grotz ëmmer méi kloer...

Op d'mannst bei de Sozialisten hu se de Luxusprobleem, mam Paulette Lenert, Jean Asselborn an Taina Bofferding direkt dräi Exponenten an den Top Ten ze hunn. Woubäi et der Santésministesch am Sondage absolut net geschuet huet, datt se sech mat den Dokteren ugeluecht hat, wat engem medezinesche Wonner gläicht.

Wann den Ausseminister net éieren als Dauergaascht an d'Wetten-Dass-Emissioun wiesselt, ass och weider mat him ze rechnen, dorunner ännert de Minus vu 4 Punkte strictement näischt.

Déi rout Inneministesch huet net nëmmen d'Gemengen a CGDIS am Grëff mee och hir Tauxen.

De bloe Fallen angel ass iwwerdeem mat Minus 9 de Lex Delles, dee sech mat Tourissem a Mëttelstand eng bluddeg Nues geholl huet, iwwerdeem d'Premier-Partei op d'Kompetenz-Wäerter vum u sech politesch onbeschriwwene Blat Yuriko Backes ziele kann.

Déi Gréng kënnen dogéint op d'Sam Tanson als Leaderin zielen a si berouegt iwwert e Plus vu 6 Prozent fir d'Newcomerin Joëlle Welfring, mee kräischen de 7 Punkten, déi de Claude Turmes verluer huet, batter no.

Tëscheruff vum Roy Grotz

An d'Oppositioun dann?

Och ouni d'Wuert "Zesummenhalt" och nëmmen eemol an hirem neiste Walkampf-Flyer z'ernimmen, wat awer d'Suerg vun de gefrote Leit ass, gi si gnädeg vun de Leit bewäert, woubäi de Plus 5 fir d'jonk nei Deputéiert Elisabeth Margue vun der CSV remarkabel ass.

Ob ADR oder Déi Lénk: All aner ofgefrot Oppositiounspolitiker leeën zou, woubäi de Plus 5 vum Co-Bestseller-Auteur Fred Keup och ervir ze hiewen ass. De Sven Clement ass sécher net frou, datt säin Taux ëm 3 Punkte gefall ass, mee wat soll et. Als Piraten-Deputéierten ënner 42 ofgefrote Politiker am Ranking op der Nummer 5 ze rangéieren, ass duerchaus eng Leeschtung. Ze kucken, ob dës Resultater ze hale sinn. Well et soll een net méi lass kappen, wéi ee geschëppt kritt - dat gëllt och fir politesch Ambitiounen.