Den nationale Basket um Holzwee!?

De Weekend waren am nationale Basket d'Coupe Halleffinallen. Bei den Dammen huet sech mat der Residence Walfer eng Equipe aus der Nationale 2 fir d'Finale qualifizéiert, déi nëmme mat enger Auslännerin gespillt huet, an am Championnat bis ewell souguer ganz ouni Verstäerkung ugetrueden ass an dësen dominéiert huet. Bei den Häre stoung mat Bascharage och eng Equipe aus der Nationale 2 an den Halleffinallen, déi huet allerdéngs mat 3 Auslänner, also sou genannten „Non-Jiclen“, gespillt. E Phänomen, wat een ëmmer méi am nationale Basket fënnt a sou munchem ellen opstéisst, sou och dem Jeff Kettenmeyer a sengem Tëscheruff.
Wa mer esou weiderfueren, da kënne mer eis an e puer Joer géigesäiteg op d'Schëller klappen.
Déi 100 Leit, déi dann nach regelméisseg an den Halen d'Matcher nokucken, kënne sech dann nach méi dacks d'Geschichten erzielen, wéi flott et dach Ugangs den 2000er war, wéi de Basket a punkto Spectateurszuelen op sengem Héichpunkt ukomm war.
Dat ass Geschicht, dat anert d'Zukunft.
Ma fir dat déi Zukunft positiv ausgesäit, mussen d'Weiche vum Lëtzebuerger Basket séier ëmgestallt ginn, well den Zuch den Ament mat héijer Vitesse an déi falsch Direktioun ënnerwee ass.
Et gi verschidde Punkten, déi ee ganz séier muss uschwätzen, iwwerdenken an duerno änneren. Ma ee prioritären ass dee vun der Auslänner, pardon, „Non-Jicl“-Diskussioun.
Wann am Championnat vun der Nationale 2 bei den Häre während der Saison 6 Equippe mat 3 Auslänner spillen, da muss ee sech Gedanke maachen.
Wéi ee Reiz huet et nach sech als jonke Spiller wëlle Spillpraxis sichen ze goen, wann zu Bascharage, Käl, op der Mess, um Racing, zu Miersch an Hesper 3 Non-Jiclen um Terrain hir d'Zelter opgeschloen hunn.
Vum nokucken oder matlafen eleng ginn déi jonk Lëtzebuerger sécher net un de Niveau vun der Nationale 1 erugefouert. Da kann een als jonke Kärel grad sou gutt zu Diddeleng op der Bänk setzen a mat 20 Joer op mannst schonns 3 Championstitele gewonnen hunn. Do mécht Matlafen a Nokucken op mannst Sënn.
Komm mir bleiwe beim Reiz, des Kéier bei deem, deen d'Spectateuren hunn, fir sou e Match tëscht Bascharage, dem Tabelleleader aus der Nationale 2, a Käl, dem ëmmerhi mat 3 „Non-Jiclen“ Tabellenaachten, kucken ze goen. En hält sech a Grenzen.
Ma ähnlech wéi et an enger Bezéiung an der Kris ass, läit de Problem net nëmme bei de Männer.
Am Damme Championnat vun der ieweschter Divisioun musse séier Changementer op den Dësch. Et bréngt näischt, wann ëmmer nees driwwer geschwat gëtt, wéi gär een dach géif mat nëmmen enger Auslännerin spillen an um Enn awer nees alles anescht ass. Et ass e bësse wei bei den Afen, ee Veräi mécht der an dësem Fall zwar keng 100, ma op mannst awer e puer.
E positiivt Beispill konnt ee sech e Samschden an der Coque ukucken.
D'Résidence Walfer huet mat Konter eng vun de stäerksten Equipen aus der Coupe gehäit.
Beim Veräin aus der Nationale 2 stoung eng Auslännerin um Terrain an jiddereen, deen an der Hal war, huet gemierkt, wéi eng wichteg Roll d'Lëtzebuergerinne bei der Résidence spillen.
Als neutrale Basket-Sympathisant huet et engem Spaass gemaach ze gesi, wéi praktesch déi ganz Equipe Asazzäit krut an d'Spill net u Qualitéit verluer huet.
Bei ville Dammen- an Häre-Veräiner ass de Wëlle mat Sécherheet do, fir d'Situatioun am Sënn vum Basket ze verbesseren.
Ma et geet drëms net anzeknécken, wann ee Veräin sech net méi un eng Iddi oder en Ofkommes hält, et gi jo net iwwerall „Gentleman“.
Wisou zu Lëtzebuerg d'Leit de Basket kucke ginn, dierft deene Meeschte kloer sinn, et sinn déi selwecht Grënn, wéi an deenen anere Sportaarten.