Net am Auto, mä um Vëlo Moto huele mir haut Plaz. An dofir geet et déi Säit d’Musel an Däitschland, e puer Kilometer hanner Réimech.

Do steet nämlech di weltwäit gréisste Sammlung u Vëlo-Motoe vun der franséischer Mark Solex. De Christian Schmit huet dee Mann kennegeléiert, deen e Faibel heifir huet a seng Passioun auslieft.

Automag: Solex Vëlo-Moto Kollektioun

Et ass mat Frust ugaangen. Meng Mamm war Fransous, a wa mir dann als Kand bei der Famill am Frankräich waren, da konnte meng Cousine scho mat 14 Joer SOLEX, also Vëlo-Moto fueren. A mir hu misste 16 Joer hunn an e Führerschäin, Dee Frust huet sech laang gehalen, bis viru 25 Joer, wou ech meng éischt Solex kaf hunn. 

Dat ass de Raymond Niesen, dee fir eis zu Helfant opgespaart huet, an eis do seng Kollektioun gewisen huet.

E Mann deen esou zimmlech alles iwwert d’Mark Solex an di Vëlo-Motoe weess, an och di eng oder aner Anekdot?

Hir Nopere waren déi Zäit Citroën, dofir och den Deal tëscht hinnen, dass si Solex-Vergaseren hu missten huelen, well Solex hinnen den Terrain verkaf huet. 

Wéi sou dacks, hat et kleng ugefaange, mä mëttlerweil sinn et eng 300 Exemplairen aus allen Epochen, en Atelier mat ganz villen Detailer.

Ech mengen do passen ech e bësschen drop op, dass ech di passend Publicitéit fannen, déi dozou passt, genee wéi di eenzel Accessoiren. Di chronologesch Zesummestellung, vill Prototyppen, wou ech ëmmer op der Sich sinn, déi eemoleg sinn. Esou eng Sammlung ass ni fäerdeg, iergendwa seet ee sech, et feelt mir awer nach eppes. Sou wéi ech am Moment nach en italienesche Solex sichen, do sinn der och gebaut ginn, oder een aus Finnland. Also et gëtt nach ëmmer Saachen, déi ech net hunn.

Solex, déi zu Courbevoie bei Paräis montéiert goufen, an der Pub housch et: E Vëlo, mä du muss elo net méi pedalléieren.

Ganz genee, "la byciclette qui roule et monte toute seule". Bon roule wann et schéi flaach ass jo, mee biergop ass et schonn anescht. De Prinzip ass am Fong ganz einfach. D'Basis ass e Vëlo wou e Moto drop komm ass, deen net vill gebraucht huet. De cahier de charge war e bësschen esou wéi bei der 2 CV. 1946 koum di éischt Solex, déi 1 Liter op 100km gebraucht huet.

Bal 7 Millioune Stéck sollte vum „fleuron de l’industrie“ am Hexagon gebaut ginn, bis 1988 Schluss war.

Et konnt een trotz Nostalgie net méi mathale mat Motoe wéi Kreidler oder Honda.

Als Sammler, e bëssche verréckt sollt ee scho sinn?

Du muss net verréckt sinn, mee et hëlleft awer fir Solex ze sammelen. Sammler versti mech a meng Fra no all der Zäit gottseidank och.

A fir hie bedeit Solex?

Solex ass fir mech nach ëmmer: e Patt roude Wäin, eng Baguette, e Stéck Kéis, an eng Gauloise.

Gëtt dann heiansdo och emol en Tierchen domat gedréint?

Seele muss ech zou ginn, mee et kennt alt mol vir. De Gros dovun fonctionéiert och. Ech fueren jo, awer elo net all Dag.

Et handelt sech hei em eng reng privat Kollektioun, an eng Visitt gëtt et nëmmen no Récksprooch op Rendezvous.

Mir soe Merci fir dee Privileeg.

D’Mark Solex, déi jo och fir hir Vergaser bekannt waren, besteet weider, an déi bauen elo Elektrovëloen. Freet sech wéi laang et dauert, bis dann och esou ee beim Raymond Niesen a der Sammlung lant.