Polestar zu Lëtzebuerg

De Polestar 3 wäert eréischt géint Juni 2024 op eise Stroosse ze gesi sinn. / © Andy Brücker
Am Automag vun haut komme mer op eng Mark ze schwätzen, déi et nach net laang gëtt, ma déi een awer ëmmer méi dacks op eise Stroosse begéint.
Als eent vun den éischte Länner huet Lëtzebuerg de Privileeg kritt, de Polestar 3 schonn am Showroom auszestellen, wat dem Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun dann och d’Geleeënheet ginn hat, mat der Lies Eeckman, General Manager vu Polestar Belux ze schwätzen.
Zanter knapp 2 Joer ass Polestar, déi zum Grupp Geely gehéieren, elo um Lëtzebuerger Marché aktiv. Polestar huet säin Ursprong am Motorsport a gouf nom Verkaf u Volvo no an no zu enger eegener Mark, ënnert där am Oktober 2017 de Polestar 1 gebuere gouf. Dat war en Hybrid 2+2-Sëtzer mat 2 Elektromotoren an engem 2-Liter Verbrenner. Am Februar 2019 koum du mam Polestar 2 den éischte reng elektresche Modell, mat deem een dann zu Lëtzebuerg haaptsächlech Fouss wollt faassen bei de Betriber, andeems d’Autoen als Déngschtween sollten ënnert d’Leit kommen. Mëttlerweil viséiert een awer och de breede Public an och Privatcliente kënnen e Polestar bestellen, z.B. via hiren Internetsite. Fir en Auto ze testen, geet Polestar e bëssen en anere Wee wéi d’Konkurrenz.
Lies Eeckman - General Manager Polestar Belux: "Et kann een e Rendezvous maachen an da komme mir mam Auto bei Iech heem oder bei Iech op d'Aarbecht z.B.. Alles gëtt ronderëm de Client organiséiert an et geet wäit iwwert dat eraus, wat een an engem Showroom kann ubidden."

Lies Eeckman / General Manager Polestar Belux
Et bleift dann aktuell och just bei engem Showroom am Land, deem zu Gaasperech. Dass de Lëtzebuerger dacks den Autofestival notzt, fir sech fir en neien Auto ze entscheeden, ass engem natierlech och bei Polestar bewosst an et wëll een de lokale Patrimoine dann och respektéieren, ouni op den digitale Medium Internet ze verzichten.
Lies Eeckman - General Manager Polestar Belux: "Mir schaffen net mat klasseschen Dealeren zesummen, ma mir hunn eis eegen Ekipp hei op der Plaz, grad well mir eben eng direkt Vente un de Client ubidden. Ech géif souguer soen, dass dat Digitaalt eng extrem personaliséiert Approche ass, a vläicht och méi personaliséiert wéi bei anere Marken. Dowéinst ass den Autofestival och sou wichteg fir eis. Den Espace op der Cloche d'Or z.B. gouf och um Autofestival virun 2 Joer ageweit. Selbstverständlech wëlle mir d'Mark och an där Period de Leit méi no bréngen."
Bis den Autofestival ass et nach e Stéck, deemno bleift ze beobachten, wéi d’Mark sech bis dohin nach um Lëtzebuerger Marché etabléiert. Net feelen an der Gamme, dierf natierlech en SUV, wat an dësem Fall de Polestar 3 ass, dee mer iech scho bei der Weltpremière kuerz virgestallt haten. Éischt Ausliwwerunge vum Polestar 3 si fir Juni/Juli 2024 geplangt.

© Andy Brücker
E Facelift vum Polestar 2 ass dann och elo um Marché, an iwwert deen ziele mer Iech dann an e puer Woche méi, wa mer dësen da getest hunn.