E Prototyp dierfen ze fueren, ass net selbstverständlech. De Paul Origer aus der Automag-Redaktioun hat dee Pleséier awer rezent zu Colmer-Bierg.

Concept Cars sinn ëmmer eng spannend Saach - engersäits kënnen d’Autosmarken a virun allem hir Designer sech esou richteg goe loossen, anerersäits gëtt et een interessanten Ausbléck op dat, wat iergendwann vläicht emol kënnt. Esou war et och mam Citroën Oli deen zesumme mam Goodyear Eagle Go zu Lëtzebuerg virgestallt gouf. De Paul Origer war fir eis op der Plaz an duerft de Prototyp esouguer emol fueren.

Automag: Citroën Oli Concept

Et kënnt net all Dag vir, datt een e klengen Ausfluch an d’Zukunft maachen dierf. Wat stellt de Citroën Oli da fir déi franséisch Traditiounsmark duer?

Majo, iergendwéi stelle mer eis jo alleguer d’Fro no der Zukunft vum Auto. Wéi gesäit en an den nächste Joren aus a ginn et nach weider Changementer. Mam Oli wëll Citroën eng aner Richtung aschloen wéi déi, déi mer de Moment hunn. D’Autoe ginn ëmmer méi schwéier, méi komplizéiert a méi deier – dat hei soll een Auto fir jidderee ginn, deen op d’Ëmwelt uecht gëtt an an alle Liewenslagen agesat ka ginn.

A wéi wëll Citroën dat dann erreechen?

Genee do läit d'Parallel zum Goodyear Eaglo Go, de Pneu, dee Goodyear extra fir de Citroën Oli entwéckelt huet an dee mer viru kuerzem hei am Automag virgestallt haten. De Liewenszyklus vun engem Auto spillt fir si eng grouss Roll, genee wéi och den Asaz vu recycléierten a recycléierbare Matièren. Mee virun allem muss emol d’Gewiicht an d’Komplexitéit reduzéiert ginn. Maximal 1.000 Kilo sinn d’Zil, déi elektresch Autonomie soll 400 km erreechen an de Verbrauch sech ëm 10 kWh apendelen. Dofir gëtt d’maximal Vitesse op 110 limitéiert, d’Opluede vun 20 – 80 % soll an nëmmen 23 Minutten ze maache sinn.

RTL

Dat kléngt scho bal ze schéi fir wouer ze sinn – mee du hues jo den Auto a Wierklechkeet gesinn an erlieft, also ass Citroën no bei der Realitéit?

Tatsächlech schonn. Op jidder Fall war de Concept Car net nëmmen eng Këscht fir ze kucke mee tatsächlech e reellen a fuerbaren Auto. Den Design ass wéi erwaart zimmlech speziell mee och dem Concept ugepasst. Quadratesch a praktesch war d’Iddi hannert dem Oli, dat hält besonnesch d’Produktiounskäschte kleng. Zum Beispill ass d’Frontscheiw guer net geneigt mee komplett riicht. Dat ass méi gënschteg ze produzéieren an als positiven Nieweneffekt hëtzt sech de Banneraum manner séier op.

RTL

Besonnesch liicht Matière gi fir d’Dieren a Pare-Choce benotzt - de Capot, den Daach an de Buedem sinn esouguer aus engem spezielle Recycling-Kartong. Last but not least huet Goodyear fir den Oli extra laanglieweg Pneuen entwéckelt, déi och zum Deel aus recycléiertem Material bestinn.

RTL

Du duerfs den Auto dann och selwer emol fueren, wéi war dann do den Androck?

Beim Eraklamme gefält schonn emol direkt dee minimalisteschen an awer ganz lëftegen a geraimege Banneraum. Nëmmen dat néidegst u Knäppercher an Hiewel ass u Bord, alles wat een Display brauch, gëtt iwwert den Handy gesteiert. D’Sëtzer sinn aus enger spezieller Netzstruktur an de Buedem ware mol Suele vun Turnschlappen.

RTL

Eisen Testwon war natierlech ee Prototyp, déi dacks vun Hand gebaut ginn. Deementspriechend huet et geknistert a gerabbelt an et war elo net fir mat Maximalvitesse iwwert de Circuit vu Colmer-Bierg ze düsen. Mee den Oli, mat bewäerter Technik aus dem Peugeot e-208 ass gutt gerullt, déi riicht an zimmlech breet viischt Scheif gëtt engem ee ganz speziellt Fuergefill. Alles an allem zimmlech no un der Realitéit. An tatsächlech och schonn zum Deel ëmgesat, wéi Citroën elo mam neien C3 bewisen huet.

RTL