Lues awer sécher geet och Subaru an d’Richtung vun der E-Mobilitéit. D’Entwécklung vun engem E-SUV ass schonn am Gaang.

e-Boxer, déi zweet

No XV a Forester kritt dann elo och den Impreza als e-Boxer een Hybrid-Undriff.  Och hei gëtt den 2-Liter Boxer mat engem klengen Elektromotor mat 17 PS gekoppelt dee beim Ufueren, bei klenge Vitessen a beim Beschleunegen hëlleft an natierlech de Verbrauch reduzéiere soll.