Peugeot ass eng vun deenen europäeschen Autosmarken mam gréisste Portfolio vun E-Autoen.

Natierlech ee SUV

Zwee wichteg Modeller goufen ofgeléist; engersäits de kompakten SUV mat Fastback-Silhouette E-3008, dee virun allem duerch säi revolutionären Design opfält. A bannenan geet et mam neien Panorama-i-Cockpit am selwechte Stil virun. 700 km Autonomie versprécht Peugeot a setzt sech domat an der SUV-Kategorie un d’Spëtzt. Op der selwechter “Multi-Energie”-Plattform steet och de Brudder E-5008. De groussen SUV mat 7 Plazen packt ëmmerhin nach versprache 668 km a soll déi perfekt Verbindung vu Confort, Plaz a moderner Technik sinn.
 
Erstaunlech emotional

Elektroautoe mussen net ëmmer ellen a vum Wandkanal ronn gelutscht sinn; den E-408 weist, dat et och anescht geet. D’Versioun mat Verbrenner fiert schonn eng Zäit op eise Stroossen, elo ass d’Elektro-Versioun mat 210 PS a 453 km Autonomie um Tour.