
Star vum Festival sinn direkt zwee nei SUV vun Opel.
Mat modernem Gesiicht
Nieft sengem 125-järege Jubiläum huet Opel direkt och déi nächst Generatioun vu sengem Flaggschëff presentéiert: Den neie Grandland passt sech mat der Vizor-Kalander dann elo och dem Famillje-Gesiicht un, Highlights si sécherlech déi nei Intell-Lux HD-Luuchten esouwéi de geraimegen Interieur. Déi nei Plattform erméiglecht nieft méi Plaz awer och fir d’E-Versioun besser Batterien mat enger maximaler Autonomie vu 700 km.
Nees do
Frontera, do war dach eppes... Richteg, Opel huet am Fong an den 90er mam Frontera ee vu séngen alleréischten SUV lancéiert. Elo steet de Frontera fir eng interessant Entrée an d'SUV-Welt bei Opel; elektresch oder mildhybrid, mat vill Plaz an attraktive Präisser.