D’Elektromobilitéit fir jiddereen, domat sollt den neien ëC3 um Festival 2024 de Star sinn. 2025 ass en dann endlech do.

Prett fir alles

SmartCar heescht déi nei Plattform op déi den neien C3 opbaut. Op dëser Basis ass alles méiglech, Elektro a Verbrenner, klenge Stadauto oder geraimege SUV. An et wier kee Citroën wann en net wéilt dee beschte Confort vu senger Klass bidden; erreeche soll dat déi speziell Fiederung Citroën Advanced Comfort. Dat ganzt zu engem faire Präis. Gläichzäiteg gëtt dann och d’SUV-Deklinatioun C3 Aircross presentéiert. Wéi de klenge Brudder fiert hien mat Elektro- oder Verbrennermotoren a bitt virun allem Plaz: 7 Passagéier sollen nämlech erapassen. A wann een nach méi wëlles huet, fir dee proposéiert Citroën deen neien Holidays. De Campervan op Basis vum Spacetourer bitt 4 Schlofgeleeënheeten, eng Kichen, ee mobillen Dësch, ee Klappdaach an dréibar Sëtzer.