
De grousse Star ass den Nofollger vum Ateca.
Rassege SUV
Schonn den Numm, als Hommage un de legendäre Circuit an der Géigend vu Barcelona setzt en Zeechen: den neie Terramar wëll der Mark Cupra gerecht ginn a setzt op Design, Emotiounen an Dynamik. Bei de Motorisatioune kënnt dann och ee Plugin-Hybrid an den Asaz, op Dieselmotore gëtt allerdéngs verzicht.
Opgefrëscht an ugepasst
Ganz am Stil vum neie Terramar läit dann och de Facelift vum Rescht vun der Cupra-Gamm. Ugefaang beim Leon a Leon Sportstourer, déi alle béid schonn emol eng nei Nues kréien an och a punkto Equipementer a Motorisatiounen op den neiste Stand bruecht ginn. Dat selwecht gëllt och fir de Formentor, als Highlight kritt och hien, nieft dem neien Design, déi optional Matrix-LED-Pharen oder de Sound-System vu Sennheiser.
De Cupra Leon & Formentor Facelift am RTL Autotest