Lotus geet op dem Colin Chapman seng deemoleg Iddien zeréck a presentéiert deen éischte 4-dierege Gran Turismo.

Attack op den Taycan

Tatsächlech si 4-diereg Sportslimousinne bei Lotus keen Neiland, schonn an den 90er gouf mam Lotus Omega an déi Richtung experimentéiert. Elo stinn nach just E-Autoen um Programm an do zitt den neien Emeya a punkto Gréisst, Leeschtung, Stroosselaach a Luxus all Regëster. 612 oder 918 PS stinn au Choix an domat dierft kloer sinn, wien Lotus am Viséier huet.