Déi grouss Iwwerraschung am Sënn vum Wuert ass deen neien SUV

Big in Japan
Alles, wat Mazda an deene leschten 100 Joer an hir DNA opgeholl huet, stécht am neien CX-60, esou heescht et am Pressetext. Et ass awer net nëmmen dee gréissten SUV an der Gamm, e bréngt och zwou grouss Première mat: engersäits als éischte Mazda mat Plug-in-Hybrid-Technik, anerersäits gëtt mam CX-60 deen éischte Reiesechszylinder-Diesel agefouert.