Historeschen DagE kritesche Bléck op de gratis ëffentlechen Transport

Jeannot Ries
2018 ass d'Fro fir d'éischt opgeworf ginn, 2 Joer méi spéit gouf et elo Realitéit: Zu Lëtzebuerg ass den ëffentlechen Transport gratis.
Kritesche Bléck op de gratis ëffentlechen Transport
2018 ass d’Fro fir d’éischt opgeworf ginn, 2 Joer méi spéit gouf et elo Realitéit: Zu Lëtzebuerg ass den ëffentlechen Transport gratis.

Zënter e Samschdeg Hallefnuecht ass den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg gratis. Eng Weltpremière, déi bis elo fir vill Gespréich wäit iwwert d’Grenze vun eisem klenge Land eraus gesuergt huet. E Samschdeg gouf op ville Garen an am neien Tramsschapp um Kierchbierg gefeiert. E Méinden ass dann den éischte groussen Test ob d’Gewunnechte vun de Leit duerch d’Gratuitéit wierklech änneren.

Ongewinnt war se, d’Atmosphäre e Samschdeg, aus der Stater Gare eraus bis op de Quai. Do wou vill Leit, um Samschdeg ënnerwee waren. Um Dag 1. vum gratis Transport. E speziellen Dag fir Lëtzebuerg. Deen och e Samschdeg weider, iwwer d’Grenzen vun onsem Land eraus, fir Opmierksamkeet gesuergt huet.

Dësen 29. Februar geet op jidder Fall an d’Geschicht an. Als Weltpremière. Wou Ticket-Automaten an Apparater, fir déi Ticketen ze validéieren, op ee Coup zu Stécker fir an den Tramsmusée goufen. An awer bleift de Bléck, wat den ëffentlechen Transport ubelaangt, vu villen éischter där kritescher een.

E Samschdeg gouf u sech jo och just d’Kiischt gefeiert. Iwwerdeems de Kuch weider gebak gëtt. Däers si sech déi Responsabel vu Bus, Tram an Zuch jo och bewosst. Och Roum, gouf jo net bannen engem Dag gebaut.

Fir dësen Dag ze feieren hat ee sech dann och eppes Besonnesches afale gelooss. De ganzen Dag iwwer a bis an d’Nuecht eran, goufen op de Garen am Land, wéi och an Tram, Zuch a Bus Concerte vu Lëtzebuerger Museker organiséiert.

Bedéngt duerch d’Meteoskonditioune gouf et am Laf vum Dag verschidden Ännerungen am musikalesche Programm. D’Open-Air-Bühn zu Ettelbréck war ganz ewechgefall.

Gratis ëffentlechen Transport vun e Samschdeg un
Well een d’Ännerunge grouss feiere wëll, wäerten e Freideg Concerte fir de gratis ëffentlechen Transport ginn.

LINK: D’Homepage vun #freemobility

LISER mécht Ëmfro iwwer ëffentlechen Transport

Am Kader vun der Ëmstellung op de gratis ëffentlechen Transport huet de LISER e Froekatalog op d’Bee gestallt, fir erauszefannen, wéi zefridden d’Leit mam ëffentlechen Transport sinn a wat hir Prioritéite sinn.

LINK: Weider Detailer iwwert d’Ëmfro op RTL 5 Minutes

Back to Top
CIM LOGO