Bréif u Minister Bauschnatur&ëmwelt ass géint e Contournement Hesper

RTL Lëtzebuerg
D'Naturschutzorganisatioun stellt an engem oppene Bréif un den Transportminister François Bausch d'Necessitéit vun engem Contournement fir Hesper a Fro.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

De Bau gëtt zanter Jore kontrovers diskutéiert. Dës Strooss géif nämlech net duerch normal Felder goen, mä duerch national an europäesch Naturschutzzonen an en Iwwerschwemmungsgebitt. D’Membere vun der asbl froe sech, ob d’Natur op en neits dem Trafic misst weechen.

Iwwerdeems sinn natur&ëmwelt no scho Stroosse gebaut ginn, fir de schlechte Loftwäerter an deem ville Verkéier an Hesper entgéint ze wierken. D’Saarautobunn an d’Autobunn A3 iwwer déi een an d’Quartieren Cloche d’Or, Gaasperech an Houwald kënnt. D’Associatioun fuerdert de Verkéiersminister op, ze iwwerpréiwen, ob een net de Verkéier tëscht Fréiseng an Hesper besser op d’Saarautobunn ëmleede kann. Eng Prioritéit wär natierlech den ëffentleche Verkéier.

PDF: Den Oppene Bréif un de Minister Bausch

Back to Top
CIM LOGO