Kuerzlieweg Verkéiersinsel tëscht Hunchereng a BiergemGemeng a Ponts et chaussées weise géigesäiteg mam Fanger openeen

Marc Hoscheid
Am Ausgank vun Hunchereng sollt eng opgemoolten Insel d'Automobilisten derzou bréngen, méi lues ze fueren. Ma no Kritik ass d'Experiment scho rëm eriwwer.
© RTL

Ee Facebook-Post vum 10. Februar huet rezent op der Beetebuerger Gemeng fir Onrou gesuergt. De Rudi Frana hat am sozialen Netzwierk eng Foto gedeelt, op där den Ausgank vun Hunchereng a Richtung Biergem ze gesinn ass. Kuerz virun engem Zeebrasträifen a vis-à-vis vun engem Busarrêt gesäit een eng Verkéiersinsel, déi op d’N13 gemoolt gouf. D’Linn an der Mëtt vun der Strooss mécht een zimmleche Bou, wat derzou féiert, datt d’Autoen, déi vu Biergem erfort an Hunchereng erakommen, op d’Géigespuer fuere mussen.

De Rudi Frana schreift a sengem Post dann och, datt hien an der Däischtert a bei Reen op dëser Plaz bal mat engem anere Gefier zesummegestouss wier. Hien hätt dowéinst bei den Transportministère ugeruff, fir op d’Situatioun opmierksam ze maachen. Do wier en un d’Ponts et chaussées verwise ginn. Bei de Ponts et chaussées hätt een hien iwwerdeems un d’Gemeng verwisen. Op deenen dräi Plazen hätt een him verséchert, datt ee sech der geféierlecher Situatioun bewosst an eng Ännerung geplangt wier. Net méi spéit wéi e Méindegmoien, den 13. Februar, hu Gemengenaarbechter d’Insel dann och effektiv ewechgemaach.

Well de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet aktuell net am Land ass, gëtt hien duerch déi éischt Schäffin Josée Lorsché un der Spëtzt vun der Gemeng vertrueden. Op Nofro hin erkläert si, datt d’Insel vun der Gemeng op d’Strooss gemoolt gouf, well Ponts et chaussées dat als eng Zort Iwwerganksléisung proposéiert hätten, bis si mat enger Partie anere Chantieren an deem Eck vum Land fäerdeg wieren. D’Gemeng kéint selwer keng baulech Mesuren op där Plaz duerchféieren, well et eng Nationalstrooss ass. Et wier een zwar net vun der Propose, eng Insel op d’Strooss ze molen iwwerzeegt gewiescht, mee et hätt een et awer mol probéiert. Deemnächst soll et een Treffen tëscht der Gemeng a Ponts et chaussées ginn a si géing sech erwaarden, datt vun der Stroossebauverwaltung eng baulech Léisung proposéiert gëtt, déi derzou féiert, datt d’Autoe méi lues an Hunchereng erafueren.

Bei de Ponts et chaussées gesäit een d’Saach par Konter liicht anescht. Et hätt een der Gemeng net proposéiert, d’Insel op d’Strooss ze molen, et wier een am Géigendeel viru ronn engem Mount einfach virun ee Fait accompli gestallt ginn. Et hätt ee sech scho gewonnert, datt d’Leit sech net éischter op de soziale Reseaue manifestéiert hunn. Bei Ponts et chaussées begréisst een op alle Fall, datt d’Gemeng d’Insel rëm ewechgemaach huet, well se eng Gefor fir d’Verkéierssécherheet duergestallt hätt. Et wier elo un der Gemeng an net un de Ponts et chaussées, fir ee Projet auszeschaffen. Nieft dem Amenagement vun der N13 am Ausgank vun Hunchereng schéngt d’Kommunikatioun tëscht der Gemeng an der Stroossebauverwaltung ee weidere Chantier ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO