Wie Moies zu de Spëtzenzäiten mam Auto op d‘Aarbecht fiert, muss bekanntlech Nerve wéi Tramsschinnen hunn. Besonnesch grouss ass aktuell de Frust ronderëm Sandweiler. No Adaptatiounen déi lescht Joren um Rond-point Iergäertchen an d‘lescht Joer um Rond-point Sandweiler-West gouf sech vill erhofft. Verbesserunge ginn et um Pabeier – ma fir den Automobilist aus Richtung Conter heescht et weiderhi vill Zäit a Gedold matbréngen. Eng allerlescht Léisung gëtt et awer nach, heescht et aus dem Transportministère.
Näischt ass “einfach” an deem Eck vu Sandweiler – do si sech den Transportminister François Bausch an den Direkter vu Ponts-et-Chaussées, de Roland Fox, eens. Eng wichteg Verkéiersachs fir de Südoste vum Land bréngt automatesch Trafic. Mee wann da landesplaneresch nach e Logistikzenter op Conter implantéiert gëtt – dann ass de Chaos virprogramméiert. Zanter Jore gëtt probéiert de Maximum aus den aktuellen Infrastrukturen erauszehuelen, esou den zoustännege Minister.
“Den Turbo-Rond-point Schaffner fonctionéiert zanterhier vill besser. Deen ass fäerdeg gebaut ginn: e risegen a komplizéierte Projet. Dann hu mer och d‘Strooss vun deem Rond-point Richtung Sandweiler rezent frësch amenagéiert fir d‘Ausgäng besser ze maachen.”
Vun enger op deels zwou Spueren a Lénksofbéien aus der Industriezone ass och net méi erlaabt. Dat bréngt Resultater tëscht dem Iergäertchen an dem Rond-point Sandweiler, esou de Roland Fox.
“Mer ginn dovun aus, datt owes wärend der Spëtzestonn, d’Duerchlaafzäit vu ronn 12 op 5 Minutten pro Gefier erofgaangen ass. Heescht den Automobilist gewënnt 7 bis 8 Minutten den Dag.”
Wien awer moies vu Richtung Conter op d‘Autobunn oder sossanzwousch hiwëll brauch staark Nerven. Nach d‘lescht Joer gouf um Rond-point zu Sandweiler geschafft an den Zougang a Richtung Conter méi breet gemaach. Den Impakt awer ass limitéiert. Bis zu 2.000 Autoe passéieren hei zu de Spëtzenzäiten. Resultat: Den Automobilist verléiert tëscht 15 an 30 Minutten op engem eenzegen Trajet.
De Rond-point Sandweiler fonctionéiert un der Limitt vu senger Capacitéit. Fir weider Drock aus dem Verkéier ze huelen, soll an Zukunft e Groussdeel vun de Camionen ëmgeleet ginn. Den Direkter vu Ponts et Chaussées.
“Et kënnt en neien Accès op d‘A1. Et gëtt en neien Echangeur gebaut. En Echangeur, deen d’Logistikzone vu Conter direkt iwwert de Scheedhaff mat der Autobunn connectéiert. Vum Stroossereseau ass dat déi lescht Méiglechkeet fir d‘Situatioun an de Grëff ze kréien.”
De Projet ass allerdéngs nach an de Kannerschong. Eng Etude de Faisabilité leeft. Den Echangeur awer steet op de Prioritéitelëscht heescht et aus dem Ministère.