D'Radaren an den Tunnelle Stafelter, Grouft a Gousselerbierg trieden domadder offiziell an hiren Déngscht. D'Testphas ass deemno eriwwer.

Vun e Mëttwoch u gëtt et deier, wann ee vun engem vun deenen 3 Streckeradaren an den Tunnellen op der Nordstrooss geblëtzt gëtt. Dat deelt de Mobilitéitsministere mat.

Dës Radare moosse jo d'Duerchschnëttsvitess vun den Autoen, dat op der gesamter Längt vum Tunnel. Hei läit d'Limitatioun vun der Vitess jo bei 90 Stonnekilometer. Eng Toleranz vun 3 Stonnekilometer ginn ofgehalen, wann een ënner 100 km/h ënnerwee ass, wann een driwwer läit, ginn 3% vun der gerechenter Duerchschnëttsvitess ofgezunn.

D'Radare passe sech dann och bei Changementer vun de Limitte vun der Vitess un, zum Beispill wann e Chantier an, oder net wäit vun engem Tunnel ass. Hei ginn d'Toleranzen dann ugepasst.

Den éischte Streckeradar an engem Tunnel zu Lëtzebuerg existéiert schonn zënter dem 1. Dezember 2021, also zënter genee engem Joer, dat am Tunnel Markusbierg op der A13. Zënter deem dësen installéiert gouf, ass d'Duerchschnëttsvitess op dëser Streck op ënner 90 km/h erofgaangen, wat de Risk fir en Accident däitlech géif erofdrécken. En aneren normale Streckeradar, also baussent engem Tunnel, gëtt et jo op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng.