Reng Elektromobilitéit aus dem VietnamOp Besuch bei Autosproduzent, dee just nach Elektrogefierer produzéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger offizieller Visitt am Vietnam goufen de Premier Xavier Bettel an de Mëttelstandsminister Lex Delles bei VinFast empfaangen.
© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Zënter 2017 produzéiert de vietnameseschen Autosproduzent VinFast Gefierer am fortschrëttleche Stil. Op hirem Site zu Hai Phong si méi wéi Dausend Roboter am Asaz déi ronn 90 Prozent vun der Aarbecht an der Produktioun iwwerhuelen. VinFast ass ee vun den éischten Autosproduzente weltwäit, dee sech dozou entschloss huet just nach Elektrogefierer ze produzéieren. Elo hu si eng ganz Palett vun intelligente Gefierer vum Scooter bis hin zum Bus, déi komplett elektresch bedriwwe sinn. De Premier Bettel an de Mëttelstandsminister Delles duerften op hirer Visitt och mat de komplett elektresche Gefierer en Tour maachen.

Am Vietnam ass VinFast schonn de spëtze Verkeefer, wat elektresch Scooteren ugeet an hire mëttelgroussen SUV V8 ass e grousse Succès. Et wier ee sech bewosst, dass een net den éischten an eenzege Produzent vun intelligenter Elektromobilitéit wier, ma um Maart géif ee besonnesch mat der immenser Vitess punkten, an där een entwéckelt a produzéiert. Nodeems een elo scho Gefierer an Nordamerika exportéiert, wëll den Autosproduzent awer och an Europa Fouss faassen. An Däitschland, Frankräich an Holland huet VinFast 13 Filièren, wou een d’Gefierer scho virbestelle kann, et wéilt een awer weider expandéieren, wéi eis de Michael Johnson, CEO adjoint vun der weltwäiter Produktioun vu VinFast, am Interview erzielt.

Och zu Lëtzebuerg wier ee frou, esou en innovative Produzent ze empfänken, seet de Lëtzebuerger Premier. “Si kennen Däitschland a Frankräich jo schonn, elo wësse se och, wou Lëtzebuerg op der Kaart läit”, sou de Xavier Bettel am Laachen.

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Elektromobilitéit jo ëmmer méi promouvéiert. Sou ginn ëmmer méi Elektrobornen op ëffentlechem Terrain en place gesat. Lëtzebuerg läit Europawäit op der zweeter Plaz wat d’Unzuel un ëffentlechen Elektrobornen ugeet mat knapp 58 Borne pro 100 Kilometer. Just Holland ass besser ekipéiert.

Allgemeng ass Hybrid an komplett Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg net onbeléift. D’lescht Joer waren 43 Prozent vun de verkafen Neiween elektresch oder hybrid Gefierer. VinFast schéngt also och zu Lëtzebuerg Erfolleg ze hunn. Den Ament kann een d’Gefierer an eisen Nopeschlänner jo scho virbestellen, liwwere wéilt een dann a puer Méint, sou VinFast.

Back to Top
CIM LOGO