D'Stad Lëtzebuerg huet en Donneschdegowend an de groussen Theater invitéiert, fir hire Mobilitéitsplang ze presentéieren.

Dëst ass e Strategie-Dokument, dat deene Responsabelen op Basis vu verschiddene Berechnunge seet, wéi sech d'Mobilitéit an deenen nächste Joren an der Stad entwéckelt. Dobäi gëtt et ee klore Constat, seet de Mobilitéitschäffen Patrick Goldschmidt:

"Eis Stad ass haut scho saturéiert mam Individualverkéier. Mir ginn dovunner aus, datt d'Stad wiisst, datt d'Aarbechtsplazen bis 2035 ëm 30 Prozent an d'Luucht ginn. D'Populatioun wäert ëm 47 bis 50 Prozent eropgoen an da kënnt méi Verkéier. Do soe mir awer dee Verkéier kann net mam Individualverkéier geléist ginn. Dat ass um Maximum. Dat heescht alles wat driwwer kënnt musse mer mam ëffentlechen Transport a mat der Mobilité douce opfänken an et ass op där Basis wou soll geschafft ginn. Dat heescht mir brauche ganz performant Korridoren fir den ëffentlechen Transport."

Dat kéint de Bus sinn, mä och den Tram respektiv eng Kombinatioun vun deenen Zwee. Zil ass et, datt dono 51 Prozent vun den Deplacementer an der Stad iwwert déi duuss Mobilitéit a mam ëffentlechen Transport gemaach ginn.

Weider Aspekter, déi am Mobilitéitsplang analyséiert goufen, sinn ënner anerem de Parkraum, d'Vëlosnetz oder d'Elektromobilitéit.