Vum 2. Mäerz u fiert den Tram op de Findel. Ma de Pôle d'echange Héienhaff gëtt net wéi erwaart ausgebaut: eng méi kleng Busgare a manner Parkplazen.

Den 2. Mäerz ass et deemno esouwäit: Déi éischt Passagéier wäerte mam Tram iwwer d'A1 op de Findel fueren. Virun der Endstatioun "Findel Luxembourg Airport" hält den Tram awer nach op der Statioun "Héienhaff P+R". Hei soll an Zukunft de Pôle d'echange gebaut ginn, deen als nei Verbindung zu der Haaptstad geduecht an och esou presentéiert gi war. Am Gesetzesprojet vun 2017 ass vun enger Tram-Statioun rieds zesumme mat enger Busgare an engem "P+R mat bal 4.000 Plazen".

D'Leit sollen also um Park and Ride den Auto stoe loossen a mam Tram an d'Stad fueren. Mëtt Januar 2025, also knapp annerhallwe Mount ier d'Streck offiziell opgeet, sinn um Héienhaff awer just d'Schinne vum Tram ze gesinn. Bis ewell awer keng Spuer vum "gréisste Parking" am Land, deen a Betrib sollt geholl ginn, "wann d'Linn a Betrib geholl gëtt", wéi de Generaldirekter vu Luxtram, den Helge Dorstewitz, eise Kolleege vun RTL Infos bei der éischter Testfaart op de Findel erkläert hat.

Tatsächlech soll e Pôle d'echange zesumme mat der Tramslinn opgoen, heescht et vum Mobilitéitsministère op Nofro vun RTL Infos. Ma amplaz vun engem grousse Parking géing et fir d'éischt "e provisoresche Parking mat 400 Plaze" ginn. De Ministère weist iwwerdeem dorop hin, datt ee mat "detailléierten Etüden amgaange wier, fir en definitive P+R mat 4.000 Plazen ze bauen".

Aus dem Ministère heescht et, dass 4.000 Plazen net direkt gebaut ginn.

"La demande va se créer avec la mise en place de toutes les infrastructures autour du pôle d'échange. Nous savons que la demande va réagir, mais pas directement", esou de Responsabele vun der Kommunikatioun.

Och d'Busgare vis-à-vis vun der Tramsstatioun wäert ufanks nëmmen "zwee Quaien hunn, een an all Richtung". Dës soll awer an Zukunft op 12 Quaien ausgebaut ginn, heescht et weider vum Mobilitéitsministère.

RTL

D'Presentatioun vum Pôle d'echange Héienhaff am Abrëll 2024. / © Mobilitéitsministère