An der EU gëtt et en Ofkommes, deen de fräie Verkéier vu Wueren a Servicer iwwert d'Grenz reglementéiert. Beim Leasing schéngt dat awer net ze klappen.

De private Leasing vun Autoe gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift. Besonnesch d'Flexibilitéit a genee ze wëssen, wéi laang ee wéi vill bezuele muss, mécht déi alternativ Aart, sech en Auto ze beschafen, fir vill Leit attraktiv. Munch Leit kucken och iwwert d’Grenz, zum Beispill an Däitschland oder Frankräich, well d’Offeren do heiansdo méi attraktiv sinn: Méi niddreg Präisser, méi grouss Auswiel oder méi flexibel Konditiounen. Awer esou einfach ass et net. Auto-Leasing an engem aneren EU-Land als Privatpersoun? Dat ass esou gutt wéi onméiglech.

Verschidden national Gesetzer – kee kloert EU-Recht

Och wann d’EU de fräie Verkéier vu Wueren a Servicer garantéiert, ginn et keng eenheetlech Leasing-Reegele fir Privatleit. All Land huet seng eege Reegelen:

  • wéi e Leasingvertrag ausgesäit,
  • wéi de Konsument geschützt gëtt
  • a wat bei Remboursement oder Verletzung vum Kontrakt gëllt.

Dat bedeit: E Lëtzebuerger, deen en Auto a Frankräich least, ënnerschreift e franséische Kontrakt no franséischem Recht. Am Fall vun engem Sträit muss hie sech un de franséische Justizsystem wenden, wat kee klengen Effort ass.

Steier an Zouloossung vum Gefier

Den haaptsächleche Problem ass awer dee vun der Zouloossung vum Auto. Wann een e Gefier least an et am eegene Land benotze wëll, mussen e puer wichteg Saache respektéiert ginn. D’Gefier muss zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ginn, wann ee permanent hei wunnt, och wann de Leasing an Däitschland oder Frankräich gemaach gouf. Wann den Auto aus dem Ausland kënnt, muss een déi lëtzebuergesch TVA (17 %) bezuelen. D’auslännesch TVA kann een als Privatpersoun net einfach zeréckfuerderen. Zousätzlech Käschte kënnen opkommen, wann d’Gefier net déi lëtzebuergesch Norme respektéiert. Vill auslännesch Leasinggesellschafte bidde keng Hëllef u fir d’Immatrikulatioun oder Steierofwécklung zu Lëtzebuerg.

An hei dann och de Grond, wisou e Leasing hannert der Grenz dacks net klappt. Déi meescht Banken a Garagen, deenen d’Gefier gehéiert, refuséieren, dass den Auto an engem anere Land ugemellt gëtt. Dëst ass, als eigentleche Proprietär vum Gefier, hiert gutt Recht, sou de Jean-Loup Stradella vum Europäesche Verbraucherschutz.

A wann eng Umeldung zu Lëtzebuerg net méiglech ass, da sollt een de Leasing si loossen. Wann ee säi feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet a mam Auto hei permanent fiert, da muss dësen nämlech och hei ugemellt sinn.

RTL

Service, Garantie a Remboursement

Et kënnt vir, dass de Leasingvertrag d‘Revisioun an d’Reparaturen nëmmen am Ursprongsland ofdeckt an dat an där Garage, bei där de Leasing gemaach gouf. Wëll ee wierklech fir all Klengegkeet zeréck op Tréier, Bréissel oder Metz fueren?
 
Am Allgemengen ass et definitiv méi einfach, e Leasing am eegene Land ze maachen. Iwwert d'Grenz eraus no Offeren ze kucken, kann interessant sinn, de Leasing ofzeschléissen awer praktesch eng Saach vun der Onméiglechkeet. Natierlech ginn et och e puer Ausnamen. D’Reegel ass et awer net.

An oppasse sollt een och bei der Durée vum Leasing. Maacht dir nämlech e Leasing hei zu Lëtzebuerg a plangt an noer Zukunft, an d’Ausland ze plënneren, ass de Risk net kleng, dass dëst géint de Vertrag geet. Respektiv et ass net erwënscht, dass den Auto am Ausland ugemellt gëtt. Da gëtt de Kontrakt annuléiert an et kënnen héich Käschten op Iech zoukommen, erkläert de Jean-Loup Stradella vum Europäesche Verbraucherschutz.

Allgemeng sollt ee sech virun engem Leasing ëmmer iwwert d’Konditiounen informéieren an och dat Klengtgedrécktend liesen. Brauch een awer Hëllef oder Renseignementer, da kann ee sech beim Konsumenteschutz a beim europäesche Verbraucherschutz mellen.