Commentaire

© Eric Steichen
Ass eis Gesellschaft sozial? Et gëtt op d'mannst en Netz wou een sech sozial kann dra verfänken; nenne mer d' Kand mam Numm: FACEBOOK!Ass dat nach sozial wa sech an dësem soziale Spannennetz just nach fir de Gebuertsdag gewënscht gëtt oder mat de virtuelle Frënn „ge-chat“ gëtt?
Praktesch ass et schonn, zemol wann een eppes ze soen huet, oder ze schreiwen, well et schwätzt ee jo net op FACEBOOK, et schreift een. Egal wéini, egal wou kann eng Meenung zu iergendengem Thema geschriwwen oder e Commentaire kommentéiert ginn. Wann ee sech am richtege Liewen nach vläicht géing zeréckhalen; am face to face-book, lackelt de COMMENT-Knäppche fir ze kommentéieren.....am richtege Liewe kéint jo mol nach ee soen: „Huet een dech ëm deng Meenung gefrot...“
Souguer déi, soe mir mol, positiv Informatiounen, gi gären negativ kommentéiert. Beispill; eis nei Velosequipe. Déi bréngen et dach net. Huet d'lescht Joer net geklappt, firwat dann dëst Joer. Wie bezilt dat?
A weider geet et; wann zum Beispill d'MISS an de MISTER LUXEMBOURG net grad KETTY oder JHEMP heeschen, gëtt einfach mol an d'Ronn geworf ob déi 2 dann iwwerhaapt lëtzebuergesch schwätzen. Anert Beispill; beim Freedefeier mierkt een näischt vun der Kris; Reaktioun, d'Hënn verdroen dat Geknupps net dat gehéiert ofgeschaf.
Ma wëllt da jidderee wësse wat deen aneren denkt? Hätt een net besser e Forum opzemaachen; ALL YOU CAN MECKER ouni virgeschriwwent Thema. Well egal wéi; iergendwéi sinn ëmmer Staat, Léierpersonal, Politik a Friemenhaass de spektakulären Héichpunkt vun de meeschten Diskussiounen.
Wéi agreabel wier et dach, wann zu all Thema nëmmen déi hire Klavier géinge benotzen, déi och wierklech eppes ze soen hunn. Eng Meenung, en Denkustouss, eng Kritik. All aner Commentaire sinn iwwerflësseg...