Wat doen ech un?

Wat doen ech un? Jo ech weess, dir Hären, wat der elo denkt. „Um Gottes Wëllen net déi Litanei“. Et ass nun emol esou eng Fro, déi mir Fraen nawell gär stellen an dacks kënnt dann nach hannendrun „Ech hu jo näischt méi“, obwuel de Schaf vollhänkt. Sou si mer, mä um Enn wëlle mer jo just gefalen. Eigentlech wollt ech op deen éiwege Mann-Fra-Quiz vrum Kleederschaf awer net agoen. Nee meng Fro ass eng aner: „ Wat doen ech un fir den Owend den neie Cabaretsprogramm kucken ze goen, fir op der Theaterpremière derbäi ze sinn oder eng Plaz am Kino fir den Top-Blockbuster ze hunn?“ An och hei geet et net ëm de Chic oder ëm Begrëffer wéi Tenue de ville oder Tenue de soirée. Ech stelle mer d'Fro eenzeg an eleng, well ech keng Loscht hunn mech an deene Säll z'erkalen.
An de leschte Wochen a Méint hunn ech méi wéi eemol e grousse Schal ronderëm mech gewéckelt oder de Mantel guer net ausgedoen, och wann et engem wéinst de Performancë vun den Acteuren éischter waarm ëm d'Häerz ginn ass.
Firwat, froen ech mech, muss et an deene Säll ëmmer sou frësch an esouvill Duerchzuch sinn? Heiansdo hunn ech mech alt scho selwer a Fro gestallt a gemengt et wier vläicht eng Fro vun Alter. Mä dann hunn ech gemierkt, datt och jonk Leit ronderëm sech agemummelt hunn.
Muss da wierklech iwwerall wou Leit eng Zäit laang roueg sëtzen, d'Klimaanlag op vollen Toure blosen? Leider ass e mam Schal oder mam Mantel dacks méi beschäftegt wéi mat der Virstellung, obwuel ee fir déi jo schliisslech Entrée bezuelt huet.
Vläicht muss dat Gebléis jo u sinn fir den Acteuren op der Bühn ënnert de waarme Spotte Loft ze maachen, mä am Kino spieren déi jo näischt. Oder ass soss net genuch Sauerstoff am Raum?
Ech weess et net, mä ech hunn awer och net wëlles fir all Theater- oder Kinoowend Mutz, Schal a Moulen anzepaken oder mech och nach dann ze froen: „Wat doen ech un?“
Well dat maachen ech och esou schonn dacks genuch.