Kerosinopschlag

Dat neit Joer huet nëmme mat gudden Noriichten ugefaang. D'lescht Woch hunn ech missen liesen, dass d'Luxair, ëmmerhi meng lieblings lëtzebuergesch Fluchgesellschaft, sech gezwonge gesäit, hir Volen neierdéngs 3 Euro méi deier ze verkafen. Schold dorunner ass de sougenannte Kerosinzouschlag. Wéi ech de Schock bis verdaut hat, a mäi Banquier mer verséchert hat, dass ech trotz deenen 2x3 Euro méi mer eng Vakanz wahrscheinlech awer nach sou just leeschte kéint, hunn ech mer déi Saach emol méi genee ugekuckt. An et ass schonn droleg. Obschonn den Ticket méi deier gëtt, gëtt net den Ticket méi deier, just de Kerosinzouschlag. D'Fluchgesellschaft, déi eis dat matdeelt seet also quasi : Wann ech gelift net schloen, ech kann net dofir, wann ech Iech méi facturéieren, an et ass och mol net fir a meng Täsch. Wéi ee kommerzielle Betrib wéilt och scho mol eppes méi verdéngen... A mengen Aen ass et nach just eng Fro vun der Zäit bis dat Konzept vum Zouschlag sech och an anere Branchen duerchsetzt. D'Taxichaufferen an der Stad kommen da vläit dem Buergermeeschter senger Fuerderung no, a setzen hir Präisser erof, allerdéngs just fir op all Rechnung dann ee Kerosin-, oder villméi Diesel-Zouschlag dropzerechnen. D'Brout beim Bäcker gëtt och net méi deier, et ass just de Miel-Zouschlag, dee variéiere kann. Een Handwierksbetrib, dee seng Marge hale wëll, passt de Präis vu senge Servicer net méi no uewen un, mä sëtzt een Index-Tranchen-Zouschlag op d'Rechnung drop. De Kaffipräis bleift och fix, allerdéngs däerf een den südamerikanesche Kannergeld-Zouschlag net vergiesse mat anzerechnen. Dat selwecht gëllt fir d'Banannen. A firwat sollt et bei der Luxair eigentlech beim Kerosinzouschlag bleiwen? Wann d'Presse iergendwann hir Präisser eropsetzt, an awer weiderhi solle gratis Zeitungen am Fliger verdeelt ginn, muss dann net och een Pressezouschlag gerechent ginn? Oder sollt een net direkt eng komplett Transparenz verlaangen? Vun deenen iwwer honnert Euro déi ech fir mäi Fluch muss berappe sinn also 3 Euro fir eng ronn 10%teg Steigerung vum Kerosinspräis ze finanzéieren. Dat mécht also 33 Euro Kerosin. A wat ass da mam Rescht vum Präis? Wéivill kaschten de Leasing vum Fliger, d'Botzen, d'Stewardess, de Pilot, an d'Pai vum Direkter?
Léif Fluchgesellschaft, so lo net dat géing mech näischt ugoen, ëmmerhi sidd Dir déi, déi mer de Präis vum Kerosin op d'Nues gebonnen hutt!