Vum neien ABC

Et gëtt ëmmer behaapt et wier immens schwéier an ustrengend eng nei Sprooch ze léieren, wéi och dat et ëmmer d'Ausnahm ass déi d'Regel bestätegt. Sou stellen ech fest dat ech schonns zënter e puer Méint am gaange sinn et ganz neit ABC ze léieren, dat weder eleng a schonns guer net (nach) fräiwëlleg.
Dat wat Bildungspolitik am Kontext vun sengen Reforme versprécht geet hei an Erfëllung: jidderee kritt dat neit ABC kompetenzorientéiert bäibruecht - et muss e just al Dag Noriichte lauschteren, kucken oder liesen a déi ganz 'chose' léiert sech vum selwen ouni Hausaufgaben – ganz am Sënn vun der neier Grondschoul.
Op en dat elo wëll oder net – do gëtt en net gefrot. Dofir ass dat neit ABC awer vill méi liicht wéi dat wat mer bal all kennen, well hei ginn et nëmmen nach maximal 4 Buschtawen an och vill manner Méiglechkeeten dës ze kombinéieren. Dat ee mat sou wéinege Buschtawen net iwwert alles schätze kann ass wuel kloer: firwat och mat engem groussen Alphabet just iwwert d'Wierder schwätze wann e mat 4 aremséilegen Zeechen nämlech A,B,C an heiansdo en D iwwert Kreditwierdegkeet oder op nei-Lëtzebuergesch 'Bonitéit', vu Banken a ganze Länner schwätze kann.
Hannendru steet och keen Duden, Wahrig, Petit Robert oder Oxford dictionnary méi. Neen, dës Kulturinstanzen an Traditiounshaiser goufen ersat duerch en Trio vun privaten a gewënnorientéierten, also kapitalisteschen, Entreprise mat den Nimm Moody's, Standard & Poor's an Fitch Ratings. Dat sinn se bei wäitem net all an nawell erënnert déi kleng Zuel vu global relevante Ratingsagencen dach un en Oligopol.
An dës spezifesch Struktur vu Muecht ass – wann iwwerhaapt – nëmme mat vill Phantasie kompatibel mat demokratesche Strukturen. Dat wëssen och eis Politiker an et spiert een d'Nervositéit well och si fir eng Kéier net wësse wien hei dat lescht Wuert behält. Gutt ze wëssen awer net wierklech berouegend ass an dem Kontext dat och d'Ratingsagencen net all Land kënnen op 'Ramschniveau' evaluéiere well och si brauchen e Wunnsëtz, am Sënn dat et op d'mannst e Land muss gi wou d'Economie funktionéiert - a wie seet schonns gären un dem Aascht op dem en selwer sëtzt?
Wien elo op Nummer sécher wëll goen huet also besser no bei der Heck ze bleiwen oder sech dohin op de Wee ze maachen!