Let's rate!

Triple A. Dat bescht, wat engem momentan ka passéieren. A wa mer einfach mol géingen eis eege Ratingsagence opmaachen? De Gibbes Bertolo „réit“ dozou...
Ratingsagencë bewäerte jo d’Bonitéit vu Banken, Entreprisen an neierdéngs och komplette Staaten.
Nei ass dat jo net: en aneren oder eppes anescht bewäerten, aschätzen, astufen. Upgraden oder downgraden, Punkten oder Buschtawe verdeelen, Daum erop, Daum erof, „I like“ oder och net, „Smiley“ oder och net ...
„Rate“ mer am Fong geholl net all Dag, a quasi permanent? All Ëmfro, all klenge Froebou, vun der Afaksgewunnecht bis bei d’Hotelbewäertung: mir verdeelen d’Punkten an decidéieren am Fong geholl indirekt, wéi et ëm d’Zukunft vun deene bestallt ass, iwwert déi mer uerteelen. Dat gëtt engem net ieren ze denken, mä éischter e Gefill vu Muecht a vu Souveränitéit. Hei een duebelen A, do 7 vun 10, dann nees 4 vu 5 Stären - sou ganz niewebäi mécht et och nach Spaass, gelldiert?
Wéi wier et mat e bësschen Zukunftsmusek ? Kommt mir grënnen eng Rating-Agence, där hir Servicer ee ka froe fir de Matbierger besser kënnen anzeschätzen. Ass de Jos een, deem s de ouni Bedenken däin Auto kanns léinen? Bedeit dem Ketty säi BB+ net awer eng gewëssen Onsécherheet en vue vun engem mëttlere Prêt? A solle mer wierklech muer mat Wampachs an de Restaurant goen? Déi mat hirem D ... herno musse mir nees alles bezuelen. Net auszedenken, oder?
Mir kënnen nach virufueren: Rating-Coursen organiséieren, de „Rater vum Joer“ wielen, op der Uni „rating“ studéieren ... jo de Begrëff kritt souguer seng fest Plaz an der Musekwelt: Rating for a girl like you, I’m the rate pretender, ... a scho mol eppes vum Rate Charles héieren?
Allez, de Geck an de Eck: déi Agencen, egal wéi se elo heeschen, maache jo och nëmmen hiren Job. Mä et wier awer vläit ganz interessant op iergend eng Manéier och mol d’Ratingsagencë selwer ze bewäerten. Well et ass jo gemenkerhand ëmmer gutt, wann een alles am ... A behält ...